Hsi-Ho

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Chinesesch Duerstellung vun der Sonn

Hsi an Ho, 羲和 (Xī an Hé och dacks nëmmen den Hi an den Ho genannt), waren zwéi vun der chinesescher Geschichtsschreiwung iwwerliwwert Haffastronomen.

Si waren am deemolege Keeserräich China verantwortlech fir Astronomie a Meteorologie. Wéi den 13. Oktober 2128 v. Chr. géint 12:00 Auer eng total Sonnendäischtert agetruede war (an der Literatur ginn och nach aner Datumme genannt), déi si net viraus berechent haten, an déi zwéin zimlech alkoholiséiert opfonnt goufen, huet de Keeser Zhòng Kāng si duerch Käppen hiriichte gelooss.

Am ale China ware Sonnendäischterte besonnesch wichteg, well si reliéis-mythesch gedeit goufen. Datt d'Sonneséchel méi schmuel gouf, gouf engem béisen Draach zougeschriwwen, deen d'Sonn friesse wollt an duerch vill Kaméidi, Trommen, Musek a Gejäiz verdriwwe gouf. Duerch d'Lidderegkeet vun deenen zwéin Haffastronome wier d'Sonn bal ëm d'Liewe komm, a vum Draach gefriess ginn.

D'Quell vun där Geschicht ass d'Chronik Shujing mat dem Kapitel Hsia Shu iwwer d'Hsia-Dynastie. Déi Chronik ass weltbekannt an a villen astronomesche Geschichtsbicher ze fannen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]