Hubert Brasseur (1823)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hubert Brasseur)
Hubert Brasseur
Gebuer 20. Mäerz 1823
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 23. Januar 1890
Bar-le-Duc
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser
Famill
Geschwëster Pierre Brasseur (Industriellen), Dominique Brasseur

Den Hubert Brasseur, gebuer den 20. Mäerz 1823 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 22. Januar 1890 zu Bar-le-Duc, war e lëtzebuergeschen Universitéitsprofesser an Historiker.

Den Hubert Brasseur, deen de Jong vum Dierwiechter Alexis Brasseur a vun deem senger Fra Marie-Anne Schockmel war, huet op der Universitéit vu Léck studéiert, wou en 1850 zum Dokter am Droit an a Verwaltungsrecht promovéiert gouf. Mat 21 Joer huet hie seng éischt Schrëft publizéiert: Tableaux synoptiques pour l'histoire du Moyen Âge.

1852 gouf hien op der Universitéit vu Gand (Gent) aussergewéinlechen, 1855 gewéinleche Professer fir Naturrecht an Ecomomie vum Staatsbudget. Vun 1862 un huet hien Zivilrecht a Budgets-Wësseenschaft enseignéiert.

1855-1856 gouf den Hubert Brasseur vu 4 Studente beschëllegt, an engem Cours iwwer Naturrecht d'Gëttlechkeet vu Jesus Christus a Fro gestallt ze hunn. Hien hat awer d'Ënnerstëtzung vum Rektor a vum kathoulesche Premierminister Pieter de Decker, mä nodeem sech d'Welle berouegt haten, krut hien de Cours iwwer Naturrecht entzunn.

Vun 1865 u gouf hien Agent vum Banquier André Langrand-Dumonceau, a gouf och 1870 an dem Langarand säi Finazdebakel a Faillite vu senge Firme mat eragezunn. De Skandal vun Langrand senger Faillite gëtt als mat eng Ursaach ugesinn, firwat hien a Frankräich geplënnert ass.

1869 huet e mat senge Bridder d'Brasseurs Schmelz gegrënnt.

Den 2. August 1870 gouf hie fir d'Arrondissement Philippeville an déi belsch Chamber gewielt, blouf awer nëmme bis 1872 Deputéierten.

Den Hubert Brasseur war mat der Marguerite Thérèse Anne Bourggraff bestuet; d'Koppel krut 4 Kanner. Ee Jong, de Gustave Brasseur (1854-1925), gouf Banquier an huet sech mat der Lucie Moret (1857-1932) bestuet. Seng Banque de la Meuse goung faillite an de Familljebesëtz domat fleeten. Hir Duechter Françoise Brasseur (1885-1963) huet den Affekot an Amateur-Schauspiller George Bertrand de Beauvoir (1878-1941) bestuet; si sinn d'Eltere vun der Schrëftstellerin Simone de Beauvoir (1908-1986).

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Manuel d'économie politique, 1860
  • La banque nationale et la liberté des banques, Brussel, 1864

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • R. De Ridder, Hubert Brasseur, in: Liber memorialis de l'Université de Gand, Notices biographiques, Gent, 1913
  • G. Jacquemybs, Langrand-Dumonceau, promoteur d'une puissance financière catholique, Brussel, 1963.
  • Elienne Langendries an Anne-Marie Simon-Vandermeersch, 175 jaar Universiteit Gent, Gent, 1992.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]