Hubert Curien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hubert Curien, gebuer den 30. Oktober 1924 zu Cornimont a gestuerwen de 6. Februar 2005 zu Loury bei Paräis war e franséische Fuerschungsminister an Physiker.
Vu 1969 bis 1973 war hie Generaldirekter vum nationale Fuerschungszentrum CNRS.
Vu 1976 bis 1984 war de Curien President vum Nationalen Zentrum fir Weltraumfuerschung (CNES) an hat d'Verantwortung fir déi franséisch Weltraumpolitik. Hie forcéiert d'Entwécklung vun der Ariane-Rakéiterei, wouduerch hien och als Papp vun der Ariane bezeechent gëtt.
Zum Fuerschungsminister beruff gouf hien vu 1984 bis 1986 a vu 1988 bis 1993. Hie war ausserdeem och President vum Forum Engelberg, eng wichteg international Konferenzplattform fir d'Zesummenaarbecht vu Wirtschaft, Wëssenschaft a Politik.
Éierungen [änneren]
- Dat 1968 nei entdeckte Mineral Curienit gouf no him genannt.
- Him zu Éieren, als ee vun de Grënner vun der europäescher Raumfaart, krut de 14. Mäerz 2007, d'Plaz op där d'Sond Huygens um Saturnmound Titan ofgesat gouf, den Numm Hubert-Curien-Gedenkplaz.
Um Spaweck [änneren]
- Raumfahrer.net: Landeplatz von Huygens nach Hubert Curien benannt – Zum Wierken vum Hubert Curien