Hubert Jaillot
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Charles Hubert Alexis Jaillot, gebuer 1632 zu Avignon-lès-Saint-Claude, a gestuerwen den 2. November 1712 zu Paräis, war e franséische Kofferstiecher, Kartograph an Editeur zu Paräis.
Hie war e Schüler vum Nicolas Sanson.
Zënter 1689 huet hien Atlanten op Basis vu Kaarte vum Nicolas Sanson, an Zesummenaarbecht mat deem senge Jonge Guillaume an Adrien Sanson, erausbruecht.
Dorënner waren och eng etlech Kaarte vum Herzogtum Lëtzebuerg
Cercle Jaillot
Zu Lëtzebuerg gouf et tëscht 1972 an 1990 eng Amicale vu Luxemburgensia-Sammler, déi sech no him Cercle Jaillot genannt huet. De Cercle Jaillot huet 1984 e Faksimile vun enger rarer Fluchschrëft vu 1684 erausginn, an 1986 eng rar Vue vu Lëtzebuerg vum K. Stammer, an ausserdeem 2 Ausstellunge vun ale Kaarten a Pläng vu Lëtzebuerg organiséiert.
| Commons: Hubert Jaillot – Biller, Videoen oder Audiodateien |