Hubert Mullenberger

Vu Wikipedia
Hubert Mullenberger
Gebuer 7. Februar 1868
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Dezember 1942
Lëtzebuerg
Aktivitéit Zoolog
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois

Den Hubert (Louis) Mullenberger[1], gebuer de 7. Februar 1868 zu Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 22. Dezember 1942, huet fir d'Lëtzebuerger Eisebunn geschafft a sech fir Musek an Entomologie intresséiert.

Hir war Member am "Internationaler Entomologischer Verein", an huet e puer kleng Mattdeelungen an deem sengem Organ Entomologische Zeitschrift publizéiert. Tëscht 1901 an 1906 schreift hie säin Haaptwierk Beiträge zur Schmetterlingskunde des Luxemburger Landes.

Den Hubert Mullenberger war 1890 ee vun de fënnef Grënner vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). Déi aner Grënnungsmembere vun der SNL waren de Victor Ferrant, de Mathias Kraus, den Nicolas Leonardy an de Jean Petermann.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Jos Massard an La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique benotzt Mullenberger a Müllenberger