Hubert Wurth

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hubert Wurth
Gebuer 15. Abrëll 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat, Kënschtler, Affekot
Famill
Bestuet mat Lydie Polfer
Papp Jean Ernest Wurth


Den Hubert Wurth, gebuer de 15. Abrëll 1952 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moler, Politikwëssenschaftler, Jurist an Diplomat.

Hien ass de Jong vum Moler a Jurist Ernest Wurth.

Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1964 bis 1971 huet hie säi Secondaire am Stater Kolléisch gemaach, déi hie mat engem Premiersdiplom, D-Sektioun (Ekonomie), ofgeschloss huet.

Vun 1971 bis 1975 huet hien Droitsstudien zu Aix-en-Provence a Paräis gemaach.

Vun 1974 bis 1976 huet hie Politikwëssenschaften um Institut d'études politiques de Paris studéiert, wou hie säin Diplom op der Sektioun relations internationales krut.

Vun 1976 bis 1977 huet hie säin Zousazdiplom am Lëtzebuerger Droit gemaach.

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

1977 huet hie säin Eed als Affekot ofgeluecht a gouf um Barreau vu Luxembourg agedroen.

Vun 1988 bis 1992 war hien Ambassadeur vu Luxembourg an der Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepubliken, a Polen, a Finnland an der Mongolei, mat Residenz zu Moskau.

Vun 1992 bis 1998 war hien Ambassadeur vu Lëtzebuerg an Holland.

Vun 2003 bis 2007 war hie permanente Vertrieder vu Lëtzebuerg bei der OECD a permanenten Delegéierte vu Lëtzebuerg bei der UNESCO.

2007 gouf hien Ambassadeur vu Lëtzebuerg am Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland, an der Republik Irland an an Island, mat Residenz zu London, duerno Ambassadeur zu Wien mat Zoustännegkeet fir Éisträich, Slowenien a Slowakei.

Den Hubert Wurth ass ee vun de Matgrënner vum Edward Steichen Award Luxembourg.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]