Huelen Zant

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Huelen Zant am Clausener Bierg.

Ënner Huelen Zant ass an der Stad Lëtzebuerg eng Ruin vun engem Tuerm um Bockfiels bekannt.

Et ass dëst net e Rescht vun der Buerg Lëtzebuerg, mee vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der Festung, deen 1874, wéi d'Zitadell um Bock ofgerappt gouf, vum deemolege Staatsarchitekt express esou als Pseudo-Ruin ëmbaue gelooss gouf, well dat deemools als romantesch empfonnt gouf.