Hugo Gernsback

Vu Wikipedia
Hugo Gernsback
Gebuertsnumm Hugo Gernsbacher
Gebuer 16. August 1884
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. August 1967
New York
Nationalitéit USA, Lëtzebuerg
Aktivitéit Erfinder, Editeur, Schrëftsteller, Romancier, Science-Fiction-Schrëftsteller

Den Hugo Gernsback gebuer de 16. August 1884 um Plateau Bourbon[1] am Garer Quartier vun der Stad als Hugo Gernsbacher; a gestuerwen den 19. August 1967 zu New York, war en Erfinder, Schrëftsteller an Editeur. Hie gëllt als Papp vum moderne Science-fiction-Roman.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem den Hugo Gernsbacher tëscht 1900 an 1903 zu Bingen fir Ingenieur geléiert hat, huet hie sech 1904, mat 100 US-Dollar an der Täsch, op de Wee an Amerika gemaach, fir do eng nei Zort Batterie, déi e grad erfonnt hat, ze kommerzialiséieren, wat him och gelongen ass. Déi Joren drop huet hie sech mat dem nach neie Phenomeen vun de Radiowelle beschäftegt. Hien huet en Apparat erfonnt, dee Funksignaler konnt empfänken an ausstralen, an doruechter Clibb vu Radios-Amateure gegrënnt.

1908 gouf hien d'Zäitschrëft "Modern Electrics" eraus, eng populärwëssenschaftlech Illustréiert fir Technik-begeeschtert Leit. Geschwë koumen nach aner Zäitschrëften no, déi de Leit nei technesch Entwécklunge méi no sollte bréngen.

1911 huet en, ënner dem 'amerikaniséierten' Numm Gernsback, de Roman "Ralph 124C 41+[2]: A Romance of the Year 2660" publizéiert. Deen ass net grad héich Literatur, mä bestécht duerch eng ganz Rëtsch Iddie vun Apparater, déi eréischt Joren duerno erfonnt sollte ginn, wéi z. B. de Radar, d'Ofspäichere vun Informatiounen op magnéitesche Supporten, de Billertelefon, de Microfilm, asw.

1926 huet de Gernsback d'Zäitschrëft "Amazing Stories" erausbruecht, déi sech als éischt mat soss näischt wéi "scientific fiction", wéi et deemools nach housch, beschäftege sollt. 1929, nodeem en den Titel huet misse verkafen, war et dann um Tour vun der Zäitschrëft "Science wonder stories".

Hien huet seng lëtzebuergesch Originnen net vergiess: a senge Geschichten dauche reegelméisseg Leit op, déi als Familljennimm en Numm vu lëtzebuergeschen Uertschaften oder Flëss droen.

1953 gouf den Hugo Gernsback zum Officier de l'Ordre de la couronne de chêne ernannt.

Den Hugo Gernsback war dräimol bestuet: Fir d'éischt mat der Rose Harvey (1906), du mat der Dorothy Kantrowitz (1921), an zu gudder Lescht mat der Mary Hancher (1951).

Bis zu sengem Doud, 1967 zu New York, hat en 80 Patenter ugemellt.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Titelsäit vum Nov. 1931 vu Science and Mechanics.
Eng Titelsäit vun Amazing Stories (1928).

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • Ralph 124C 41+ (1911)

Zäitschrëften, déi vum Gernsback erausbruecht goufen[änneren | Quelltext änneren]

  • Air Wonder Stories
  • Amazing Detective Stories
  • Amazing Stories
  • Aviation Mechanics
  • Electrical Experimenter — 1913 to 1920; spéider: Science and Invention
  • Everyday Mechanics — from 1929; vum Oktober 1931 uns Everyday Science and Mechanics
  • Everyday Science and Mechanics — kuckt Science and Mechanics
  • The Experimenter — ursprénglech Practical Electrics, éischt Ausgab ënner dem Titel am November 1924; geet 1926 an d'Zäitschrëft Science and Invention op
  • Facts of Life
  • Flight
  • Fotocraft
  • French Humor — spéider Tidbits
  • Gadgets
  • High Seas Adventures
  • Know Yourself
  • Life Guide
  • Light
  • Luz
  • Milady
  • Modern Electrics — 1908 bis 1914 (1913 verkaaft; nei Besëtzer fusionéieren den Titel mat Electrician and Mechanic)
  • Moneymaking
  • Motor Camper & Tourist
  • New Ideas for Everybody
  • Pirate Stories
  • Popular Medicine
  • Practical Electrics — Dec. 1921 bis Okt. 1924 — spéider The Experimenter
  • Radio Amateur News — Juli 1919 bis Juli 1920 — d'Adjektiv "amateur" fält ewech an et entsteet Radio News
  • Radio and Television
  • Radio-Craft — Juli 1929 bis Juni 1948 — spéider Radio-Electronics
  • Radio Electronics — Juli 1948 bis ?
  • Radio Electronics Weekly Business Letter
  • Radio Listeners Guide and Call Book [Titel variabel]
  • Radio News — July 1919 (virdru Radio Amateur News) bis Juli 1948
  • Radio Program Weekly
  • Radio Review
  • Science and Invention — vridrun Electrical Experimenter; ass vun August 1920 bis August 1931 erauskomm
  • Science and Mechanics — ursprénglech Everyday Mechanics; vun 1931 un Everyday Science and Mechanics. "Everyday" fält am Mäerz 1937 ewech: Science and Mechanics bis 1976
  • Science Fiction Plus
  • Science Wonder Stories
  • Scientific Detective Monthly
  • Sexologia
  • Sexology
  • Short-Wave and Television
  • Short-Wave Craft — geet an den Titel Radio-Craft op
  • Short-Wave Listener
  • Superworld Comics
  • Technocracy Review
  • Television
  • Television News
  • Tidbits, ursprénglech French Humor
  • Woman's Digest
  • Wonder Stories
  • Your Body
  • Your Dreams

Nom Hugo Gernsback genannt[änneren | Quelltext änneren]

  • den Hugo Award, e Präis, deen d'International Science Fiction League all Joer fir dee beschte Science-fiction-Roman vergëtt;
  • Uncle Hugo's Science Fiction Bookstore, eng spezialiséiert Librairie zu Minneapolis;
  • Gernsback: en Impaktkrater op der Moundrécksäit;
  • eng Strooss um Kierchbierg nieft de Foireshalen, d'Rue Hugo-Gernsback.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Vum 27. Oktober 2010 bis den 18. Mäerz 2011, verlängert bis den 2. Mee 2011, war am Nationale Literaturzentrum eng Ausstellung iwwer Liewen a Wierk vum Hugo Gernsback[3]. Kommissäre vun der Ausstellung waren de Luc Henzig, de Paul Lesch an de Ralph Letsch, déi och en Ausstellungskatalog erausbruecht hunn.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Vesna Andonovic a Laurent Schmit: Der Erfinder der Zukunft - Hugo Gernsback, wie ein "Stater Bouf" die Science-Fiction erfand am Luxemburger Wort vum 19. August 2017, S. 10-11, och op wort.lu.
  • Henzig, Luc, Paul Lesch & Ralph Letsch, 2010. Hugo Gernsback - An Amazing Story. Ausstellungskatalog. Centre national de littérature.
  • Paul Lesch, Hugo Gernsback, le père de la science-fiction moderne; in: Itinéraires croisés - Luxembourgeois à l'étrangers, étrangers au Luxembourg, Nr. 32, am Tageblatt vum 20. Mee 1995.
  • Lesch Paul, Muller Jean-Claude, "Hugo Gernsback: le 'père de la science-fiction moderne'", in: Lëtzebuerger Almanach 89, 356-369.
  • Letsch, Ralph (Ed.), 2008. Amazing stories. Mamer 2007: science fiction & Hugo Gernsback. Bertrange. 163 p.
  • Steckler, Larry (ed.), 2007. Hugo Gernsback: A Man Well Ahead of His Time. Charleston: Book Surge. 698 p.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hugo Gernsback – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vesna Andonovic, Laurent Schmit: „Hugo Gernsback - wie ein "Stater Bouf" die Science-Fiction erfand. - Der Erfinder der Zukunft“ op wort.lu den 19. August 2017 (gekuckt den 20. August 2017)
  2. 124C 41 steet fir "one to foresee for one".
  3. Cf. http://www.cnl.public.lu/agenda/2010/10/Expo_Hugo_Gernsback/
  4. Cf. Henzig et al. 2010 an der Literatur.