Hugo Grotius

Vu Wikipedia
Hugo Grotius
Gebuertsnumm Hugo Grocio, Hugo Grotius eller Hugo de Groot
Gebuer 10. Abrëll 1583
Delft
Gestuerwen 28. August 1645
Rostock
Nationalitéit Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen
Educatioun Universitéit vu Leiden
Aktivitéit Dichter, Dramatiker, Politiker, Diplomat, Historiker, Philosoph, Theolog, Affekot, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Jurist

Den Hugo de Groot genannt Grotius, gebuer den 10. Abrëll 1583 zu Delft, a gestuerwen den 28. August 1645 zu Rostock, war en hollännesche politesche Philosoph, Theolog, Historiograph a Jurist.

De Grotius gëllt als ee vun den intellektuelle Pappe vum Souverainitéitsgedanken, vun der Naturrechtsléier a vum Vëlkerrecht.

Vu 1603 un, war de Grotius hollänneschen Historiograph, a vu 1613-1619 Conseiller vun der Stad Rotterdam.

Hie gouf 1619 wéinst senger arminianistescher Astellung zu liewenslaangem Prisong verurteelt, konnt sech awer no Frankräich duerch Bascht maachen a gouf do vum Louis XIII. protégéiert. Dësen huet hie vu 1634 un als Ambassadeur fir Frankräich a Schweden geschéckt.

Hien ass den Auteur vun De juri belli ac pacis (1625) wat als Internationale Rechtscode gëlle kann.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hugo Grotius – Biller, Videoen oder Audiodateien