Humboldt-Universitéit Berlin
D'Berliner Humboldt Universitéit (kuerz: HU Berlin), ass déi eelst a gläichzäiteg déi zweetgréisst Universitéit zu Berlin. Hiren Haaptsëtz huet se an der Strooss Unter den Linden. Den Virgänger vun der Humboldt Universitéit (Alma Mater Berolinensis) huet 1810 ugefaangen z'ënnerriichten. Den aktuelle President vun der Uni heescht Jan-Hendrik Olbertz.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren]
Zënter 1949 heescht d'Universitéit "Berliner Humboldt Universitéit". Vun 1946 bis 1949 (wéi och am Ufank bis 1828) huet se Berliner Universitéit oder Universitéit Berlin geheescht.
D'Geschicht [änneren]
De 16. August 1809 gouf d'Universitéit op d'Initiative vum liberalen an däitschen Bildungsreformer a Sproochenwëssenschaftler Wilhelm von Humboldt gegrënnt. 1810 huet Berliner Universitéit, genannt Alma Mater Berolinensis, ugefaangen Studenten z'ënnerriichten. 1828 gouf se Friedrich-Wilhelms-Universität genannt. Si hat deen Numm bis 1946, fir hire Grënner ze éieren, den däitschen Kinnek Friedrich Wilhelm III. 1949 gouf d'Universitéit dunn Humboldt-Universitéit Berlin genannt.
D'Grënnung [änneren]
1810 huet Humbold Universitéit mat 256 Studenten an 52 Professeren ugefaangen, z'ënnerriichten. D'Fächer waren an verschidden Fakultéiten ënnerdeelt. Dat waren Jura, Medezin, Philosophie an Theologie. Naturwëssenschaften waren z. B. en Deel vun der Philosophescher Fakultéit. Den éischten Direkter war den Herr Theodor Schmalz.
Fir d'Grënnung vun der Universitéit goungen virun allem wesentlech Impulser vun bedeitenden Wëssenschaftler aus. Haaptsächlech awer vum Theolog Friedrich Schleiermacher an dem Philosoph Johann Gottlieb Fichte.
Dem Wilhelm von Humboldt säin héchst Zil war et, en neit Bildungssystem an Däitschland anzeféieren.
Berühmt Studente vun der Universitéit [änneren]
Virun allem Naturwëssenschaftler si bekannt ginn. Dat war an der Chimie den August Wilhelm von Hofmann. An der Physik den Hermann von Helmholtz. Bei den Mathematiker sinn et der e puer méi ginn: den Ernst Eduard Kummer, de Leopold Kronecker, de Karl Weierstraß. An der Medezin war et de Johannes Peter Müller, den Albrecht von Graefe, de Rudolf Virchow an de Robert Koch.
Studentinnen [änneren]
1908 kruten Fraen d'Recht studéieren ze goen. Virdrun sinn et just e puer Eenzelfäll ginn, Doktorantinnen mat enger Ausnamegenehmegung. Déi éischt Fra, déi do studéiert huet, war d'Elsa Neumann, an zwar an der Physik 1899. Déi éischt Professorin, déi un der Uni dozéiert huet, war d'Mikrobiologin Lydia Rabinowitsch-Kempner.
No 1945 [änneren]
Nom Zweete Weltkrich ass d'Universitéit erëm nei opgaang. Am Ufank awer nëmmen an 7 Fakultéiten, vun deenen der nach eng Rei an zum Deel vum Krich zerstéierte Gebaier ënnerbruecht waren. Fir de politesch an rassistesch verfollegte jonken Leit eng Chance ze ginn, gouf eng Firstudienustallt ageriicht. Déi Léit haaten während dem Nationalsozialismus keng Méiglechkeet sech weider ze bilden.
D'Opsplécken vun der Universitéit [änneren]
Den kommunisteschen Afloss gouf méi grouss. Et sinn Studenteprotester entstan. Verschidden Schüler goufen dunn vun der sowjetescher Geheimpolice matgeholl. Duerch d'Deelung vun Berlin huet sech d'Uni dauerhaft an zwou separat Unien gedeelt.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Humboldt-Universität Berlin – Biller, Videoen oder Audiodateien |