Hunnebuer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hunnebur)
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hunnebuer
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Miersch
Buergermeeschter Michel Malherbe (DP)
Héicht 238 m
Koordinaten 49° 43’ 32.8’’ N
      06° 04’ 52.4’’ O
Postcode 7599

Den Hunnebuer[1] ass e Lieu-dit tëscht Recken an dem Mariendall, an der Gemeng Miersch.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Hunnebuer läit am Äischdall, op enger Héicht vun 238 m, an enger Flossschleef, laanscht den CR105, tëscht dem Reckenerwald an dem Mierscherwald.

Zum Hunnebuer gehéiert och eng Ausfluchs– a Picknicksplaz ronn 400 m. nordëstlech vum Lieu-dit, déi Säit der Äisch. An de Fielse sinn e puer natierlech Quellen, déi uganks vum 20. Joerhonnert gefaast goufen[2]. Se fidderen dräi Weieren, ier d'Baach dann no ronn 250 Meter an d'Äisch leeft.

Am Flouer gëtt et och dräi Hielen: d'Harespelsspéck (20 m déif a 35 m laang), d'Stëbslach (1 m déif an 10 m laang) an d'Wichtelcherslee (0 m déif a 26 m laang)[3].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Annonce am Luxemburger Wort vum 10.06.1933

1933 huet de Ferdy Mischel den „Hunebour-Hotel” opgemaach, dee bis …[Wéini ?] bestanen huet. Hautdesdaags ass de fréieren Hotel e Wunnhaus.

Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm „Hunnebuer” geet op den Hunnekinnek Attila zeréck. Wéi deen op sengem Feldzuch géint d'Westréimescht Räich am Fréijoer 451 mat sengen Truppen duerch d'Gebitt vun der spéiderer Grofschaft Lëtzebuerg koum, soll en laanscht der Äisch eng Halt gemaach a seng Päerd gedränkt hunn[4],[5].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Roger Hilbert, Die Saga der Mamerlayen : (und näheren Umgebung: Schloss Schönfels, Hunnebour, usw.), In: Eist Miersch, 1993
  • Roger Hilbert, Der Hunnebour, ein bezauberndes Naturwunder, In: Eist Miersch, 2011/2012(Wanter), S. 15-23

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. LOD - Lëtzebuerger Online Dictionnaire. www.lod.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-07.
  2. Trëppeltour vum Krounebierg op den Hunnebour, d'Wiichtelcherslee an d'Schanz bäim Hunnebour. Mouvement écologique. Gekuckt de(n) 2021-08-07.
  3. Jérôme Konen, Höhlen : Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt, 2009, erausgi vum Groupe spéléologique luxembourgeois
  4. Mersch et ses alentours - Commune de Mersch. www.mersch.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-07.
  5. LA VILLE DE MERSCH. Escher Tageblatt, 1936. Jg., nº 107, S. 8. (06.05.1936). Gekuckt de(n) 07.08.2021.