Hurtigruten
| Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hurtigruten (norweg. iwwersat: "Schnellverbindung") ass d'Bezeechnung fir déi norwegesch Postschëffslinn.
Haut fueren déi kombinéiert Fracht-, Passagéier- an Kräizfahrtschëffer d'Küstlinn vun Norwegen tëschent Bergen a Kirkenes, a 6 Deeg an en halwen of a passéieren dobäi vill landschaftlech wonnerbar Küstengebidder (am Summer och etlech Fjorden). D'Hurtigruten-Streck ass haut eng bekannt Touristenattraktion.
Geschicht [änneren]
Hurtigruten gouf vun enger privater Reederei gegrënnt an d'Streck gouf fir t'éischt 1893 tëschent Trondheim an Hammerfest befuer. Déi éischt regelméisseg Postverbindung tëschent Süd- a Nordnorwegen ass dem erfuerene Kapitän Richard With ze verdanken. Als éischten hat hien de Courage och nuets d'Streck bis op Hammerfest ze fueren - eng Zäitaspuerung, déi d'Vieraussetzung fir déi staatlech Subventioune war an ouni déi eng Postschëffsverbindung net hätt finanzéiert kënne ginn.
Den 2. Juli 1893 huet sech d'D/S Vesteraalen mam Kapitän Richard With op de Wee op Hammerfest gemaach. Domatt huet sech d'Liewen fir d'Awunner an der Küsteregioun vu Nordnorwegen, déi schwéier ze erreeche war, gewalteg verännert. Dee beschwéierleche Wee iwwer Land konnt sou evitéiert ginn. Scho fënnef Joer méi spéit gouf d'Streck no Süden bis op Bergen verlängert an 1911 gouf Kirkenes als nërdlechen Endpunkt festgehal.
Fir ze liesen [änneren]
- Bernd Römmelt: Hurtigruten , Bruckmann Verlag, 1.Oplo 2006
- Ralf Schröder: Norwegen mit dem Postschiff. Merian live!, Travel House Media, Sept. 2006
- Klaus-Peter Kappest: Norwegens Hurtigruten. Die schönste Seereise der Welt, Tecklenborg, 1.Oplo Nov 2005
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Hurtigruten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit op norwegesch an englesch
- Ausféierlech privat Websäit iwwer d'Hurtigruten
- Info-websäit iwwer d'Hurtigruten