Husumer Protestschwäin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Husumer Protestfierkelen

D'Husumer Protestschwäin, Wäissgestäift rout Protestschwäin oder Dänescht Protestschwäin ass eng Rass vum Hausschwäin, déi um Ausstierwen ass.

Well dat rout Déier mat senger breeder wäisser Sträif, déi queesch iwwer d'Schëller an déi viischt Bee leeft, dem Dannebrog, dem dänesche Fändel gläicht, goufen där Schwäin vun Däne geziicht, déi um Ufank vum 20. Joerhonnert an Nordfrisland hire Fändel net hunn däerfen eraushänken.

Dat Béischt gëtt eppes iwwer 90 cm héich a weit bis zu 7 Zenner. 1954 gouf dat Husumer Protestschwäin als Rass unerkannt.

Zanter 1996 existéiert e Förderverein Rotbuntes Husumer Schwein e. V., deen d'offiziell Bestänn erfaasst. Haut liewen ongeféier 150 där Schwäin op der Welt. D'Land Schleswig-Holstein ënnerstëtzt d'Ziichter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Husumer Protestschwäin – Biller, Videoen oder Audiodateien