Hutt

Vu Wikipedia
Verschidden Zorte Männerhitt
Den Huttrayon fir Dammen an engem grousse Buttek (1981).

En Hutt ass eng Kappbedeckung, déi gewéinlech eng fest Form an e Stuerz huet, deen um Bord ronderëmgeet. Domat ënnerscheet e sech vun enger Mutz oder enger Kap (déi just vir e Stuerz huet). Primär déngt den Hutt, fir virum Wieder ze schützen (Keelt, Hëtzt, Sonn oder Reen), a gëtt dofir dacks mat Attributer wéi "Reen-", "Summer-" oder "Sonnenhutt" spezifiéiert.

Wann de primären Zweck vum Hutt ass, fir géint Blessen ze schützen, da schwätzt ee vun engem Helm, respektiv Casque oder Schacko.

Iwwer déi primär Funktioun déngen Hitt och derzou, d'Perséinlechkeet vu deemjéinegen deen en ophuet ervirzehiewen, souwéi säi soziale Status oder seng berufflech Zougehéieregkeet. Bei Dammenhitt spillt eng moudesch Komponent eng wichteg Roll.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gisela Albrod: (K)ein alter Hut. Eine Ausstellung des Landschaftsverbandes Rheinland, Rheinisches Museumsamt. Köln 1986
  • Tobias Engelsing: Chapeau! Berühmte Kopfbedeckungen 1700–2000. Anlässlich der Ausstellung vom 23. Juli bis 27. November 2011, Stadt Konstanz 2011, ISBN 978-3-929768-29-9.
  • Landschaftsverband Westfalen-Lippe/Landschaftsverband Rheinland (Hg.): Hut & Co. 150 Jahre Hutgeschichte. Bocholt 2007.
  • Ingrid Loscheck: Reclams Mode- und Kostümlexikon. Stuttgart 1999.
  • Roswitha Mattausch-Schirmbeck: „Gut behütet“. Begleitschrift zur ständigen Ausstellung des Hutmuseums im Museum der Stadt Bad Homburg v.d. Höhe. Bad Homburg 1985
  • Münchener Stadtmuseum: Von Kopf bis Hut. Kopfbedeckungen aus der Textilsammlung des Münchner Stadtmuseums vom 18. Jahrhundert bis 1984. München 1984

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hitt – Biller, Videoen oder Audiodateien