Hyacinthe Schaack

Vu Wikipedia
Hyacinthe Schaack
Gebuer 2. Juli 1831
Gestuerwen 1. Juni 1915
Aktivitéit Historiker
Famill
Kanner Edouard Schaack, Charles Schaack

Den Hyacinthe (Hyazinth) Schaack, gebuer an der Stad Lëtzebuerg den 2. Juli 1831 an do gestuerwen den 1. Juni 1915, war e lëtzebuergesche Professer an Auteur.[1]

Den Hyacinthe Schaack huet 1848[2] am Alter vun 18 Joer seng Lycéesstudien erfollegräich am Atheneum ofgeschloss an ass duerno op d'Universitéit vu Gent studéiere gaangen.[1] Am Abrëll 1852[3] huet hien zu Louvain virum jury combiné säin Doktorat a Philosophie a Literatur bestanen.

Den 8. November 1852 gouf hie Repetent, an de 4. September 1853 Professer am Atheneum,[1] wou hie seng ganz Carrière gemaach huet. De 25. September 1874 gouf hie Professer 1. Klass.[2] Am Juli 1903 ass hien an d'Pensioun gaangen.[2],[4]

Bis 1866 war de Schaack och nach Schoulinspekter fir d'Primärschoule vun de Kantonen Esch a Capellen.[1] Vun 1876 bis 1877 war hien Dirigent vun der Maîtrise vun der Kathedral.[5]

Am Joer 1901[6] ass hie President vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal ginn; hie war och membre correspondant vum belschen historeschen Institut.[1]

Hie war mat der Léonie Paquet bestuet. D'Koppel hat aacht Kanner, dorënner de Charles Schaack, gebuer den 20. Mäerz 1867 an der Stad Lëtzebuerg, dee Riichter a Procureur war,[7] an den Edouard Schaack, och an der Stad gebuer, den 3. Juli 1871, dee Geeschtleche war[8].

Den Hyacinthe Schaack ass de 4. Juni 1915 um Nikloskierfecht begruewe ginn. D'Läicheried huet de Professer Jacques Meyers gehalen.[9]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Notice historique sur l'hospice civil de Luxembourg. Luxembourg: P. Brück, 1860, 42 S. Tiré à part du Programme publié à la clôture de l'année scolaire de l'Athénée royal grand-ducal de Luxembourg, 1860, S. 3-42.
  • Essai historique et archéologique sur le village de Moestroff et le château. Publications de la Section historique de l'Institut g.-d. de Luxembourg, XXIX (VII), 1875, S. 259-286.

Eng ausféierlech Lëscht vum H. Schaack senge Publikatiounen, dorënner Schoulbicher wéi Die Geschichte des Luxemburger Landes a Grammaire française théorique et pratique (zesumme mam Antoine Godart), fënnt ee beim Martin Blum.[10]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1915. Hyazinth Schaack †. Luxemburger Wort 1915, Nr. 153 (2. Juni), S. 4 [3]
  • Blum, Martin, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, 700.
  • Gredt, Nicolas, 1902. Allocution adressée le 8 novembre 1902 à Monsieur le professeur Hyacinthe Schaack, à l'occasion du cinquantième anniversaire de son entrée en fonctions. [Luxembourg], 7 S.
  • Heuertz, Félix, 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922, Luxembourg, VIII, 79 S.
  • Wilhelm, Jules, 1923. Notice nécrologique: Hyacinthe Schaack (président de la Section historique). Publications de la Section historique de l'Institut g.-d. de Luxembourg, LX, 1923, S. XV-XX.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Anonym 1915.
  2. 2,0 2,1 2,2 Heuertz 1922, S. 54.
  3. Dat war entweeder de 15. Abrëll (Heuertz 1922) oder de 16. Abrëll 1852 (Anonym 1915).
  4. Luxemburger Wort 1903, Nr. 213 & 214 (1. August), 1. Blatt, S. 2 (Amtliches).
  5. Maîtrise Sainte-Cécile de la cathédrale de Luxembourg. Historique.
  6. Pro Archaeologia Luxembourg. La Société Archéologique [1] (ofgeruff de 17. Dezember 2011). — Am Luxemburger Wort 1915, Nr. 153, steet: 1897.
  7. Anonym 1915; Heuertz 1922, S. 54; Blum 1981, S. 379.
  8. Blum 1981, S. 380.
  9. Luxemburger Wort 1915, Nr. 156 & 157 (5. Juni), S. 3 (Leichenfeier für Ehren-Professor Schaack). [2]
  10. Blum 1981, S. 380-382.
  11. Memorial N° 42 vun 1891 mat enger Lëscht vu Leit, déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen.