Hyakutake
|
|
|
|---|---|
| Orbittyp | laangperiodesch |
| Grouss Hallefachs | ~2350 |
| Perihel | 0,230 AE |
| Aphel | ~4700 AE |
| Numeresch Exzentrizitéit | 0.99990 |
| Perihelduerchgank | 1. Mee 1996 |
| Ëmlafdauer | ~114.000 Joer |
| Ëmlafvitesse | 87,83 km/s |
| Physikalesch Eegeschafte vum Kär | |
| Duerchmiesser | 2 km |
| Entdecker Y. Hyakutake | |
| Entdeckungsdatum | 30. Januar 1996 |
| Aner Bezeechnungen | |
De Koméit Hyakutake (offizielle Numm: C/1996 B2) ass e laangperiodesche Koméit, deen am Joer 1996 mat bloussen A gesi konnt ginn. Hie gouf och De Grousse Koméit vu 1996 genannt.
Inhaltsverzeechnes |
Entdeckung [änneren]
De Koméit gouf den 30. Januar 1996 vum japaneschen Amateurastronom Yūji Hyakutake entdeckt. Et war den zweete Koméit ënnert dësem Numm. Deen éischten, C/1995 Y1, war vum Hyakutake nëmme wéineg Wochen virdrun entdeckt ginn. Während hie säin éischte Koméit weider observéiert hat – dësen war ni fräiaeg ze gesinn – hat hien zu senger grousser Iwwerraschung dësen zweete Koméit op bal derselwechter Positioun, wou hie schonns deen éischten entdeckt hat, fonnt.
Ëmlafbunn [änneren]
De Koméit Hyakutake leeft op enger extrem laanggestreckter, elliptescher Ëmlafbunn ëm d'Sonn. De sonnenächste Punkt vun der Bunn (Perihel), deen de Koméit den 1. Mee 1996 duerchlaf hat, läit mat 0,230 AE nach bannent der Bunn vum Planéit Merkur, während de sonnewäiteste Punkt (Aphel) mat ongeféier 4700 AE bal 1/10 Liichtjoer vun der Sonn ewech ass. Seng Bunn ass ronn 55° géint d'Ekliptik gebéit. Well sech den Hyakutake awer retrograd (réckleefeg) ëm d'Sonn beweegt, gëtt Bunnschréiegt mat 125° uginn.
D'Bunn vum Koméit gouf duerch d'Gravitatiounswiirkunge vun de Gasrisen während sengem Passage 1996 sou staark gestéiert, datt sech seng Bunnperiod vu ronn 8000 Joer (bei enger Apheldistanz vu ronn 800 AE) virun dëse Bunnstéierungen op ongeféier 114.000 Joer verlängert huet.
Visualitéit [änneren]
Schonns déi éischt Bunnbestëmmungen gate gewisen, datt de Koméit zimlech no laanscht d'Äerd zéie géif, op enger Distanz vu nëmmen 0,109 Astronomeschen Eenheeten. Well den 1995 entdeckte Koméit Hale-Bopp schonns als méigleche grousse Koméit ugekënnegt war, haten d'Astronomen allerdéngs e bëssi Zäit gebraucht, fir sech doriwwer kloer ze ginn, datt och Hyakutake e spektakulären Event kënnt ginn.
Mëtt Mäerz war de Koméit nach zimlech onopfälleg. Hien hat eng visuell Magnitude wéi e Stär vu 4. Gréisst a säi Schwäif hat eng Längt vu ronn 5°. Wou hien der Sonn an der Äerd méi no koum, gouf hie ganz schnell méi hell a säi Schwäif gouf ëmmer méi grouss. Bei sengem Passage bei der Äerd, de 25. Mäerz 1996 war hie nee vun den hellsten Objete um Nuetshimmel a säi Schwäif hat eng Längt vu 75° iwwert den Himmel. De Koma hat eng däitlech visuell blo-gréng Faarf.
Well den Hyakutake nëmmen e puer Deeg mat senger grousser Hellegkeet ze gesi war, konnt hien awer dat ëffentlecht Interessi net sou staark op sech zéien wéi de Koméit Hale-Bopp am Joer duerno.
D'Ulysses-Raumsond war ongeplangt an onerwart am Mee 1996 duerch de Schwäif vum Koméit geflunn. Baséierend op dësem Event, gouf d'Schwäiflängt op ronn 500 Millioune Kilometer bestëmmt. Observatiounen vun der Äerd stellten d'Existenz vun Ethan a Methan am Koméit fest. Et war déi éischte Kéier, datt dës béid Gasen an Koméiten nogewise goufen. Mat dem Röntgensatellit ROSAT gouf och festgestallt, datt Hyakutake Röntgenstralen fortgeschéckt huet, wat och nach bei kengem aneren Koméit bis elo gesi gouf. Radarmiessungen vum Goldstone-Observatoire hu gewisen, datt de Koméitekär nëmmen 2 km grouss war. Observatiounen mam Hubble-Weltraumteleskop hunn erkenne gelooss, datt sech kleng Bruochstécker vum Koméitekär geléist hunn, déi dann hiren eegene, kuerze Schwäif formten.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Hyakutake – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kuckt och [änneren]