Hyazinthen
| Hyazinthen | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Eng Gaardenhyazinth: Lady Derby |
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Hyacinthus „L.“ |
|||||||||||||||
| Aarten | |||||||||||||||
D'Hyazinthen (Hyacinthus) sinn eng Planzegattung aus der Famill vun den Hyazinthplanzen (Hyacinthaceae).
D'Hyazinte sinn Ënneplanzen a si komme vun Natur aus haaptsächlech an Zentral- a Westasien vir. Do fënnt en se op fielsegen e kallekhaltegen Hänk. Si kënne bis op enger Héicht vun 2600 m wuessen. Si si beléift wéinst hirem pronocéierte Parfum a hirer schéiner Bléi an Drauweform.
Hir Blieder si 15 bis 35 cm laang.
Et gëtt dräi Aarten
- Hyacinthus amethistinus oder Brimeura amethistina
- Hyacinthus azureus oder Muscari azureum
- Hyacinthus orientalis : Gaardenhyazinth
An der Natur kënnt d'Gardenhyazinth an der Mëtteltierkei, Syrien an am Libanon vir. Déi geziichten Zorten, ongeféier 30, stamen alleguer vun der Gaardenhyazinth af.
Déi bekanntesten Zorte sinn:
- Amethist: lila bis violett, staarke Parfum
- Amsterdam: rosa bis rout
- Anna Liza: hell purpur mat méi donkle Purpursträifen
- Ostara: blo-violett
- Delft Blue
- King Kodro: blo mat duebele Bléien
- Maria Christina: abrikosefuerweg
- Woodstock: rout-brong
D' Hyacinthus romanus déi och zu den Hyazinthplanze gehéiert, ass aus der Gattung Bellevalia a kënnt haaptsächlech am Mëttelmierraum, am Süde vu Frankräich an a Griicheland vir.
Kuckt och [änneren]
| Commons: Hyacinthus (Hyacinthaceae) – Biller, Videoen oder Audiodateien |