Hydra-Centaurus-Superkoup

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Hydra-Centaurus-Superkoup ass e Superkoup, deen an der groussraimeger Struktur vum Universum de notste Noper vun eisem lokale Superkoup (Virgo-Superkoup) ass.

Den Hydra-Centaurus-Superkoup besteet aus zwou grouss Ënnergruppen:

Déi béid Ënnergruppe ginn och als getrennt Superkéip betruecht, déi awer souwuel ënnerenee wéi och mat dem Virgo-Superkoup a Bezéiung stinn. All dräi Superkéip gi vun dem méigleche Groussen Attrakter beaflosst.

D'Distanz vum Superkoup beleeft sech op 140 Mio. Liichtjoer (43 Mpc) fir de nächstgeleeënen Centaurus-Koup, bis zu 300 Mio. Liichtjoer (90 Mpc) fir de Koup Abell 3581. Déi hellst Eenzelgalaxis vun der Struktur ass déi elliptesch Galaxis NGC 4696 am Centaurus-Koup mat enger visueller Hellegkeet vun 10,7 mag.

A Richtung vum Centaurus-Superkoup, awer mat enger Distanz vu ronn 650 Mio. Lj. nach däitlech hannert dësem, läit de Shapley-Superkoup, deen zu de gréisste an dichteste bekannte Superkéip am Ëmkrees vun 1 Mrd. Lj. gehéiert.

[änneren] Um Spaweck

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen