Hydra (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Hydra
Lëtzebuergeschen Numm Waasserschlaang
Laténgeschen Numm Hydra
Laténgesche Genitiv Hydrae
Laténgesch Ofkierzung Hya
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 8h 00m bis 15h 00m
Deklinatioun +7° bis -35°
Fläch 1303 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
Alphard,
(α Hydrae),
1,98m
Meteorstréim Alpha-Hydriden
Sigma-Hydriden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Crater
Sextans
Leo
Cancer
Canis Minor
Monoceros
Puppis
Pyxis
Antlia
Centaurus
Lupus
Libra
Virgo
Corvus
Kaart vum Stärebild Hydra

D'Waasserschlaang (latäin Hydra) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Hydra ass dat gréisst Stärebild um Nuetshimmel. Et erstreckt sech ënner den Déierekreeszeechen Kriibs, Léiw a Virgo, a ka vun eise Breeden aus am Fréijoer déif um südlechen Horizont gesi ginn.

D'Hydra ass kee markant Stärebild, well déi meescht vu senge Stäre liichtschwaach sinn. Nëmmen den Haaptstär Alphard ass mat 1,98m opfalend hell.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi „weiblech“ oder grouss Waasserschlaang gehéiert zu de Stärebiller aus der antiker griichescher Astronomie, déi schonn dem Ptolemäus bekannt waren.

Am 16. Joerhonnert gouf déi „männlech“, südlech oder „Kleng Waasserschlaang“ (lat. Hydrus) agefouert. Dat Stärebild steet sou wäit südlech, datt et an Europa net ze gesinn ass.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 30 Alphard 1,98m 177 K3 III
γ 46 2,99m 100 G6 III
ζ 16 3,11m 150 K0 III
ν 3,11m 120 K2 III
π 46 3,25m
ε 11 3,38m 150 G0 + F7
R 3,5 bis 10,9m 500 M7 III
ξ 3,54m 150 G7 III
λ 41 3,61m 150 K0 III
μ 42 3,83m 200 K4 III
θ 22 3,89m 150 A0 V
ι 35 3,90m 200 K3 III
C 3,91m 150 A0 V
υ1 39 4,11m 150 G8 III
δ 4 4,14m 150 A0 V
β 4,29m 300 B9 III
η 7 4,30m 500 B3 V
D 12 4,32m
ρ 13 4,35m 150 A0 V
E 58 4,42m
σ 5 Minchir, Michar 4,45m 350 K1 III
τ 31 Ukdah 4,59m 50 F6 + K2
υ2 40 4,60m
F 4,63m
ο 4,70m
P 27 4,7m 150 G8 + F2
U 4,7 bis 5,2m 2000 C6 II
G 4,72m
I 4,76m
26 4,77m
k 51 4,78m
9 4,87m
φ 4,91m
χ1 4,92m
ψ 45 4,94m
l 52 4,97m
a 6 4,98m
ω 18 4,99m
N 5,0m 100 F8 + F8
50 5,07m
44 5,08m
m 54 5,15m
47 5,20m
b3 5,23m
56 5,23m
23 5,24m
14 5,30m
b1 5,44m
20 5,47m
24 5,49m

Den α Hydrae ass e Stär, deen orange liicht an zu der Spektralklass K3 gehéiert. Hien ass ronn 177 Liichtjoer vun eis ewech.
Den Numm „Alphard“ ass arabesch al farad, wat souvill heescht wéi „Déi déi elleng steet“. Eng aner Bezeechnung ass Cor Hydrae, „Häerz vun der Waasserschlaang“.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
ε 3,4/7,0m 2,7"
τ1 4,6/7,6m 66"
27 4,8/7,0/9,0m 230"/9,6”
N 5,6/5,8m 9,2"

Den ε Hydrae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 100 Liichtjoer.

Den τ1 Hydrae erschéngt am Teleskop als Duebelstär. Tatsächlech handelt et sech ëm en „opteschen“ Duebelstär, deem seng Komponenten net duerch Gravitatioun verbonne sinn, mä nëmme visuell vun der Äerd aus gesinn an enger Richtung leien.

De 27 Hydrae ass e Méifachstäresystem, bei deem dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt kreesen.

Verännerlece Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
R 3,5 bis 10,9m 387 Deeg Mira-Stär
U 4,7 bis 6,2m 450 Deeg Hallefregelméisseger
V 6,5 bis 12,5m Mira-Stär

Den R Hydrae ass e pulsiounsverännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vu 500 Liichtjoer. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vun 3,5m, am Minimum fält d'Hellegkeet op 10,9m erof. D'Hellegkeet variéiert mat enger Period vu ronn 387 Deeg. Opzeechnungen hu gewisen, datt d'Period am 18. Joerhonnert mat ronn 500 Deeg méi laang war.

Den U Hydrae läit op enger Distanz vun 2.000 Liichtjoer. Seng Hellegkeet ännert mat enger Period vu ronn 450 Deeg. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vu 4,7m an ass mat bloussem A ze gesinn. Am Minimum fält seng Hellegkeet op 6,2m erof. Während sengem Minimum ass hien opfälleg rout, mä nëmme mat engem Teleskop ze gesinn.

Den V Hydrae ass en déifroude Stär vum Typ Mira. Seng Hellegkeet variéiert tëscht 6,5m an 12,5m.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
48 2548 5,5m Oppene Stärekoup
68 4590 8,5m Kugelstärekoup
83 5236 8m Galaxis
3109 9,9m Galaxis
3242 9m Planetareschen Niwwel Jupiters Geist
3314 14m Galaxis
5694 10m Kugelstärekoup

De M 48 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vun 2.500 Liichtjoer.

De M 68 läit 30.000 Liichtjoer ewech an ass e Kugelstärekoup.

De M 83 ass eng Spiralgalaxis vum Typ Sc a läit 15 Millioune Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.

Den NGC 3242 ass e planetareschen Niwwel op enger Distanz vun 3.000 Liichtjoer. Bei héijer Vergréisserung ass hien als gréng Scheifchen am Teleskop ze gesinn. Well säi Wénkelduerchmiesser um Himmel ongeféier deem vum Planéit Jupiter entsprécht, gëtt hien och Dem Jupiter säi Geescht genannt.

Den NGC 3314 besteet aus zwou interaktive Galaxien op enger Distanz vun 140 Millioune Liichtjoer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hydra (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien