Hydrazin

Vu Wikipedia

Hydrazin ass eng Stéckstoff-Verbindung mat der Moleküllformel N2H4. Et ass eng Flëssegkeet, déi keng Faarf huet, no Ammoniak richt an un der Loft staark dämpt.

Hydrazin ass en Ëmweltgëft mat enger Molmass vun 32,05 g/mol, engem Schmëlzpunkt vun 1,4° Celsius an engem Kachpunkt vun 113,5° Celsius.

Natierlech Hydrazinvirkomme sinn net bekannt.

Hydrazin gëtt gebraucht bei der Fabrikatioun vu Sprengstoff, vu Medikamenter, Chemikalie fir d'Landwirtschaft, an als Korrosiounsschutz bei Waasserboileren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hydrazin – Biller, Videoen oder Audiodateien