Hydrus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Hydrus
Lëtzebuergeschen Numm kleng Waasserschlaang
Laténgeschen Numm Hydrus
Laténgesche Genitiv Hydri
Laténgesch Ofkierzung Hyi
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 0h 05m bis 4h 36m
Deklinatioun -58° 00´ bis -82° 05´
Fläch 243 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 8° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
β Hydri,
2,82m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Reticulum
Horologium
Eridanus
Tucana
Octans
Mensa
Dorado
Kaart vum Stärebild Hydrus

Déi Kleng Waasserschlaang, laténgesch: Hydrus, och Südlech Waasserschlaang oder Männlech Waasserschlaang genannt, ass e Stärebild um südlechen Himmel.

Beschreiung[änneren | Quelltext änneren]

Déi Kleng Waasserschlaang ass keen opfalend Stärebild. Nëmmen zwéi Stären si méi hell wéi déi 3. Gréissteklass. Et fënnt een d'Stärebild südlech vum hellen Achernar, dem südlechste Stär vum Eridanus. D'Stärebild läit tëscht der Grousser Magellanescher Wollek (LMC) an der Klenger Magellanescher Wollek (SMC).

D'Hydrus ass vun Europa aus net ze gesinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Hydrus gehéiert zu deene Stärebiller, déi Ennn vum 16. Joerhonnert vun den hollänesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet si am Joer 1603 a sengem Himmelsatlas Uranometria iwwerholl.

Si ass dat südlecht Géigestéck vun der nërdlecher oder „weiblecher“ Hydra (Waasserschlaang).

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β Hydri 2,82m 24,4 G1 IV
α Hydri 2,86m 71 F0 V
γ 3,26m 150 M1 III
δ 4,08m
ε 4,12m
η2 4,68m 217 G8 III
ν 4,76m
ζ 4,83m
λ 5,09m
μ 5,27m
ι 5,51m
θ 5,51m
π1 5,57m
π2 5,67m
κ 5,99m
τ2 6,05m
σ 6,15m
τ1 6,33m

De β Hydri ass mat enger kuerzer Distanz vu 24,4 Liichtjoer ee vun deenen nooste Stäre bei eiser Sonn. Et ass e giele Stär mat der Spektralklass G1 IV. Hien huet eng ähnlech Masse wéi eis Sonn, ass awer mat engem Alter vu ronn 7 Milliarde Joer méi wäit entwéckelt an huet sech op en Duerchmiesser vun iwwer 2 Millioune Kilometer opgeblosen.

Den α Hydri läit 71 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht wäiss a gehéiert zu der Spektralklass F0 V.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hydrus – Biller, Videoen oder Audiodateien