IC 342

Vu Wikipedia
Date vum IC 342 (Spiralgalaxis)
Infraroutfoto vum IC 342
Stärebild Camelopardalis (Cam)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 03h 46m 49s
Deklinatioun + 68° 05' 46"[1]
Ausgesinn
Visuell Magnitude 8,4 mag
Spektraltyp SAB(rs)cd;Sy2 HII
Wénkelduerchmiesser 21,4' × 20,9'
gehéiert zu IC 342/Maffei-Grupp, Virgo-Superkoup
Distanz (10,8 ± 1,0) Millioune Lj
Routverrécklung 0,000103 ± 0,000010
Radialvitess (31 ± 3)
Entdecker W. F. Denning 1895
Katalogbezeechnungen
IRAS 03419+6756, IC 342, MCG +11-5-3, PGC 13826, UGC 2847, CGCG 305-2

Den IC 342 ass eng Spiralgalaxis am Stärebild Camelopardalis. D'Galaxis ass an der Géigend vum galakteschen Equator, wou et wéinst engem Stëbsrido schwéier ass d'Objeten z'observéieren.

Den IC 342 ass eng vun den zwou hellste Galaxien an der Maffei-Galaxiëgrupp, déi Galaxiëgrupp, déi am nooste bei der Lokaler Grupp läit.

D'Galaxis gouf 1895 vum William Frederick Denning entdeckt. Den Edwin Hubble hat ufanks ugeholl, si géif zu der Lokaler Grupp gehéieren, wat sech awer als falsch erausgestallt hat.[2] Am Zentrum vum IC 342 goufe mat Hëllef vum Very Large Array Wolleken aus gliddegem (412 Kelvin) Ammoniakgas nogewisen.[3]. Weider gouf an der Galaxis Siliziummonoxid entdeckt.[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA/IPAC Extragalactic Database
  2. SEDS IC 342.
  3. Astronomy Abstract Service: Hot Molecular Gas in the Nuclear Region of IC 342
  4. Astronomy Abstract Service: The SiO interferometer map of IC 342