Institut européen de chant choral Luxembourg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) INECC Luxembourg)
D'Van-der-Vekene-Haus am Gronn, Sëtz vum INECC op Nr. 2-4 an der Sosthène-Weis-Strooss. Vue aus der Plaetisgaass.
Den Institut européen de chant choral Luxembourg, ofgekierzt INECC Luxembourg, ass eng op de Gesank spezialiséiert Musekschoul mat Sëtz am Van-der-Vekene-Haus am Gronn an der Stad Lëtzebuerg. Den INECC huet eng Schwësterorganisatioun a Loutrengen ënnert dem Numm INECC Mission voix lorraine.
Missioune [änneren]
An Zesummenaarbecht mat dem Kulturministär an der Stad Lëtzebuerg gëtt versicht, folgend Missioune z'erfëllen:
- Aus- a Weiderbildung souwuel vum Amateur wéi och vum Professionellen;
- Begleedung vu Sänger oder Gesangsensemble déi um Sprong op e professionnellen Niveau sinn;
- Begleedung vun zukünftege Formateure;
- Zesummenaarbecht mat verschiddene musikalesche Strukturen;
- Fërdere vun alle musikalesche Repertoiren an alle Stiler aus allen Zäitalteren;
- Fërdere vun der musikalescher Kreatioun;
Verwaltungsrot [änneren]
- Jean-Marie Kieffer, President[1]
- Colette Flesch, Vizepresidentin
- Marco Batistella, Tresorier
- Marc Meyers, Sekretär
- Luc Eicher, Member
Direktioun [änneren]
- Camille Kerger, Direkter
- Chantal Grandclair, administrativ a finanziell Direktesch
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Notten [änneren]
- ↑ Erna Hennicot-Schoepges war bis am Fréijoer 2012 Presidentin vum INECC Lëtzebuerg.
