Ian Fleming

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Graf vum Ian Fleming

Den Ian Lancaster Fleming, gebuer den 28. Mee 1908 zu London a gestuerwen den 12. August 1964 zu Canterbury, war een engleschen Schrëftsteller a Journalist.

De Fleming ass bekannt ginn haaptsächlech wéinst der Roman- a Filmfigur James Bond, deen hien erfonnt huet. Seng Geschichten huet hien an 12 Bicher an 9 Kuerzgeschichten verfaast. Zousätzlech huet hien d'Kannerbuch "Chitty Chitty Bang Bang" an zwee Sachbicher geschriwwen.

[änneren] Biografie

De Ian Fleming ass zu Mayfair, London, gebuer. Hie war de Jong vum Valentine Fleming, Member vum Parlament, a senger Fra Evelyn St. Croix Rose. De Ian ass mei jonk wei säi Brudder de Schrëftsteller Peter Fleming, an ass awer méi al wei de Richard Fleming (1910-77), nach ee Brudder vun him. Hien hat ausserdem eng ausserehelech Hallefschwëster, Amaryllis Fleming. Hie war de Groussenkel vum schottesche Financier Robert Fleming, deen "Scottish American Investment Trust" an d'Handelsbank "Robert Fleming & Co" gegrënnt huet.

De Fleming huet an der Sunningdale Schoul zu Berkshire, Eton College an an der Royal Military Academy Sandhurst studéiert.

Hie war, vun 1944 bis zu sengem Doud, e Member vu Boodle, den Gentleman's Club an der St. James's Street.


Commons: Ian Fleming – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen