Idiotenhiwwel

Vu Wikipedia
En Idiotenhiwwel a Polen
Eng Markéierung vun enger grénger Pist a Frankräich

Als Idiotenhiwwel bezeechent een op Lëtzebuergesch eng Schipist, déi liicht ze fueren ass; a Frankräich als gréng Pist bezeechent, op där Ufänger mat Schi oder Snowboard hir éischt Versich starten.

Déi Piste si meeschtens kuerz a flaach an hunn e klenge Lift a Form vun engem Schleeflift oder engem Tellerlift. Schischoule fänken do och meeschtens hir Ufängercoursen un.