Iechternach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel befaasst sech mat der Stad Iechternach. Fir de Kanton, kuckt w.e.g. Kanton Iechternach.
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Détailer | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Echternach de: Echternach |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréivemaacher | ||||||
| Kanton: | Iechternach | ||||||
| Buergermeeschter: | Théo Thiry (CSV) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 5 165 (2005) | ||||||
| Fläch Gemeng: | 2 049 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 48’ 46’’ N 06° 25’ 16’’ O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Stad Iechternach (oder Eechternoach am Dialekt) läit am Oste vum Land an der Gemeng mam selwechten Numm. Zu Iechternach selwer wunne 4.936 Leit (Stand 2004).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Uertschaften an der Gemeng
|
Iechternach ass eng vun deene klengste Stied am Land, an eng vun deenen eelsten. Si huet e Lycée (Lycée classique d'Echternach), eng Primärschoul an ee Précoce. De Stadzentrum geet vun der Maartplaz am historesche Kär duerch d'Halergaass, eng Akafsstrooss, bis op Garerstross.
[änneren] Geschicht
Schonn am 1. Joerhonnert no Christus hu Réimer et sech hei an hirer Zweetresidenz gutt goe gelooss. Dorop deit haut nach d'Réimervilla um Iechternacher Séi hin.
D'Grënnung vun der Stad Iechternach geet op d'Joer 698 no Christus zréck. Den hellege Willibrord, en englesche Missionnär, krut vun der Irmina vun Oeren (bei Tréier) e Stéck Supp geschenkt, wou hie säi Klouschter kéint opriichten. D'Abtei Iechternach wor bekannt fir hire Scriptorium, an deem ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, an de Codex Aureus Escorialensis, zwou gëlle Bibelen (Evangeliaren), geschriwwen a gemoolt gi sinn. Deen ee Codex läit haut zu Nürnberg (zu Iechternach ass e Facsimile ze gesinn); deen aneren, wéi säin Numm et seet, am El Escorial-Klouschter, 60 Kilometer nordwestlech vu Madrid.
Duerch dat Klouschter gouf Iechternach séier zu enger wichteger Handels- an Handwierkergemeng, déi 1236 vun der Ermesinde d'Stadrecht krut. 1596 gouf enges nuets den Abt Jean Bertels vun den Hollänner gefaange geholl a koum eréischt duerch e Léisegeld erëm fräi. An der Besatzungszäit duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun ass d'Abtei verkaaft ginn. Si gouf zu enger Parzeläinsbrennerei ëmfonctionnéiert; d'Tierm vun der Basilika hunn als Schaarschtecher gedéngt. Spéider wor s'eng Kasär, duerno nëmmen nach eng Ruin. Mat Hëllef vum Willibrordus-Bauveräin gouf d'Basilika erëm opgebaut.
1886 huet d'Gemengeverwaltung den Henri Tudor chargéiert fir an der Stiedchen eng elektresch Beliichtung mat Hëllef vun Tudor-Akkumulatoren opzebauen. Iechternach war domat net nëmmen déi éischt Stad am Land, mä och eng vun den éischte Stied an Europa, déi sech deen, fir déi deemoleg Verhältnesser, Luxus erlaabt huet. D'Anlag ass de 24. Oktober 1886 a Betrib geholl ginn.[1]
Mat der Eisebunn, dem Chareli, koum den Opschwonk erëm, Iechternach gouf lues a lues touristesch. Am Zweete Weltkrich hat Iechternach, well et direkt un der Grenz louch, an der Ardennenoffensiv staark ze leiden; grouss Deeler vun der Stad goufen zerstéiert, dorënner och d'Basilika. D'Basilika, wéi d'Stad, gouf nom Krich erëm opgebaut.
[änneren] Tourismus
Eent vun de Standbee vun Iechternach ass den Tourismus. Iechternach läit am Sauerdall an um Bord vum Mëllerdall, direkt bei der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Vill Trëppelweeër gi vun Iechternach aus an d'Bëscher ronderëm.
Zwéi Muséeën, den Abteimusée an de Musée fir Virgeschicht, ginn en Abléck an d'Vergaangenheet vun der Stad, an den Trifolion (Centre Culturel, Touristique et de Congrès) bitt Plaz fir Evenementer.
Zu Iechternach ginn et dräi iwwer d'Grenzen eraus bekannten Evenementer. Virbäi ass d'Sprangprëssessioun bei där all Joer Päischtdënschdes bis zu 10.000 Pilger zu Éiere vum hellege Willibrord, a Reien op d'Weis vun enger traditionneller Musek duerch Iechternach sprangen.
En zweet grousst Evenement ass den eLake Festival, bei deem haaptsächlech 20.000 Jonker dräi Deeg laang bei Rock, Techno a Popmusek feieren.
Zënter 2004 gëtt zu Iechternach dat gréisste Ballonstreffen am Land ofgehalen. Donieft sinn all Joer international Sportveranstaltungen, wéi de Marathon, den Triathlon an de Run For Fun mat vun der Parti.
[änneren] Kuckeswäertes
[änneren] Basilika
Am bekanntesten ass Iechternach fir seng Basilika, an där an der Krypta déi stierflech Iwwerreschter vum hellege Willibrord leien.
[änneren] Den Dënzelt
Dat fréiert Geriichtsgebai bilt mat dem Haus niewendrun dat haitegt Stadhaus. Am Dënzelt selwer ass e Sall fir d'Gemengerotssëtzungen, e Sall an deem d'Houchzäiten ofgehale ginn, e puer Büroen, Archivraim an Austellungssäll. Eng Plakett um Gebai erënnert un de Stadbréif, deen Iechternach vun der Ermesinde krut.
[änneren] D'Abtei
An der fréierer Abtei Iechternach ass haut den Iechternacher Kolléisch. D'Abtei besteet aus fënnef Deeler, der Rotonde, dem Haaptgebai, der aler Primärschoul, engem Bausseflillek an der Orangerie. Si ass verbonne mat der Basilika.
[änneren] De Rokoko-Pavillon
De Rokoko-Pavillon steet an engem Eck vum Stadpark no bei der Sauer.
[änneren] Troosknäppchen
Um Troosknäppchen steet e klenge Pavillon, vun deem aus een eng Vue iwwer Iechternach huet.
[änneren] Den Iechternacher Séi
Dëse kënschtleche Séi ass op der Plaz, wou fréier d'Lëschenhaus war, dat Haus, an deem sech iwwer Joerhonnerten déi al Äbt zréckgezunn hunn an hire Liewensowend verbruecht hunn. Den Iechternacher Séi ass och d'Plaz vum Mobilux Trophy, dem eLake-Festival an dem Marathon.
[änneren] D'Réimervilla
D'Grondmauere vun enger Réimervilla, goufe bei den Aarbechte fir de Séi fräigeluecht. Si war den zweete Wunnsëtz vun engem räiche Réimer.
[änneren] D'Festungsmauer
Vun der Festungsmauer aus dem Mëttelalter mat hiren 20 Tierm, sinn haut nach verschidden Deeler a siwen Tierm, déi restauréiert goufen, ze gesinn.
[änneren] Bekannt Iechternacher
- Fernand Boden (Politiker)
- Jules Hoffmann (Biolog)
- Paul Matthieu Hermann Laurent (Mathematiker)
- Jos Massard (Professer, Auteur a Politiker)
- Robert Schaffner (Buergermeeschter a Politiker)
- Henri Tudor (Ingenieur)
- Frank Wilhelm (Professer an Auteur)
[änneren] Literatur
- Echternach - Notre ville. Le livre d'or du centenaire. Echternach: Société d'embellissement et de Tourisme, 1977.
[änneren] Referenzen
- ↑ Massard, Jos. A. (1997): 1886-1996: Hundertzehn Jahre elektrisches Licht in Echternach. Ein Beitrag zur Geschichte der öffentlichen und privaten Beleuchtung im 19. und frühen 20. Jahrhundert in Luxemburg mit Blick ins deutsche Grenzgebiet. Annuaire de la Ville d’Echternach 1996: 101-144.
[änneren] Medien
- Oralabora, eng CD op deer déi ganz Geschicht an engem Mix vu Musek a Virliesung zesummegefaasst ass.
[änneren] Interkommunal Syndikater
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- Péitrus a Paulus-Kierch Iechternach
- Bemierkenswäerte Käschtebam bei der Péitrus a Paulus-Kierch
- Urtsel zu Iechternach
- Ciné Sura
- Foussgängerbréck zu Iechternach
- Lycée classique d'Echternach
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Echternach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Stad
- Sauerdall
- Iechternach statistesch gesinn
- Willibrord.lu
- D'Réimervilla
- e-lake festival
- Intra Muros asbl - Vir d'Beräicherung vum historesche Kär vun Iechternach

