Iechternacher Evangelistar

Vu Wikipedia
2 Säiten aus dem Evangelistar

Den Iechternacher Evangelistar ass eng mëttelalterlech Handschrëft, déi géint 1030 am Skriptorium vun der Iechternacher Abtei gemaach gouf.

Et ass e Perikopebuch, dat heescht e Buch, fir Mass ze halen, mat deenen Deeler vun den Evangelien, déi an der Liturgie gebraucht ginn, an der Reiefolleg vum Kierchejoer.

Et besteet aus 155 Blieder am Format 205 × 147 mm. Dorop gëtt et 41 Miniaturen, déi meescht all Kéier op enger ganzer Säit, 13 gerëschten Textsäiten a méi wéi 250 gëllen Initialen.

2007 ass e Facsimile dovu gemaach ginn, deen 2008 am Iechternacher Abteimusée ausgestallt gouf.

D'Original gëtt an der Bibliothèque royale de Belgique ënner der Signatur 9428 versuergt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • L'Évangéliaire d'Echternach. Ms. 9428, Bibliothèque royale de Belgique, Bruxelles. Commentaires Anton von Euw, avec des contributions de Bernard Bousmanne et Martina Pippal. Faksimile Verlag Luzern, 2007.