Ieper
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Flämesch Communautéit | ||||
| Provënz | |||||
| Arrondissement | Ieper | ||||
| Gemeng | Ieper | ||||
| Telefonszon | 057 | ||||
| Postcode | 8900, 8902, 8904, 8906, 8908 | ||||
| Koordinaten | 51° 01' 0" N 03° 01' 00" O |
||||
| Fläch | 13061 ha | ||||
| Bevëlkerung | 35.102 (01.01.2011) | ||||
Ieper (de: Ypern, fr: Ypres) ass eng Stad an der Provënz Westflandern, am sougenannte Westhoek. Zu der Gemeng Ieper gehéieren och nach d'Uertschafte Boezinge, Brielen, Dikkebus, Elverdinge, Hollebeke, Sint-Jan, Vlamertinge, Voormezele, Zillebeke a Zuidschote.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
De Balduin II. de Plakapp (879–918) huet zu Ieper, dat zu der Grofschaft Flandern gehéiert huet, géint Attacke vun de Normannen eng Festungsmauer baue gelooss. Am spéide Mëttelalter huet Ieper mat Gent a Brugge zu de bedeitendste Stied vu Flandern gehéiert. Stëfter aus Ieper goufen a ganz Europa gehandelt. 1559 bis 1801 war Ieper e Bëschofssëtz.
Während dem Éischte Weltkrich war Iepern praktesch déi ganzen Zäit staark ëmkäpft. D'Alliéiert, besonnesch d'Truppe vum Briteschen Empire, hunn d'Stad bis zum Enn verdeedegt. Iwwer eng Véierels Millioun vun hinne sinn do leie bliwwen. Um Enn vum Krich war d'Stad bal komplett zerstéiert. Nodeems d'Iddi, d'Ruinen als e Memorial stoen ze loossen, verworf gi war, gouf se an de Jorzéngten duerno mat Hëllef vu Suen, déi Däitschland nom Krich huet misse bezuelen, no historesche Virbiller nees opgebaut.
Ronderëm Ieper sinn eng 170 Zaldotekierfechter, an den Tourismus am Zesummenhang mat den Evenementer vum 1. Weltkrich spillt eng wichteg Roll an der Stad.
Kuckeswäertes [änneren]
- Maartplaz, mat de Biergerhaiser ronderëm.
- d' Lakenhallen ('"Duchhalen") ee vun de gréissten net-reliéise gotesche Gebaier an Europa, mat sengem 70 Meter héijem Beffroi, deen zu der UNESCO- Weltierfschaft gehéiert
- d' Sint-Marties-Kathedral, Sëtz vum fréiere Bistum Ieper (1561 bis 1801).
- d'Krichsmonument Menenpoort.
- Al Festung Schützengrief aus dem Eischte Weltkrich.
Galerie [änneren]
Weblinks [änneren]
| Commons: Ypres – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Alveringem - Anzegem - Ardooie - Avelgem - Beernem - Blankenberge - Bredene - Brugge - Damme - De Haan - Deerlijk - Dentergem - De Panne - Diksmuide - Gistel - Harelbeke - Heuvelland - Hooglede - Houthulst - Ichtegem - Ieper - Ingelmunster - Izegem - Jabbeke - Knokke-Heist - Koekelare - Koksijde - Kortemark - Kortrijk - Kuurne - Langemark - Ledegem - Lendelede - Lichtervelde - Lo-Reninge - Menen - Mesen - Meulebeke - Middelkerke - Moorslede - Nieuwpoort - Oostkamp - Oostrozebeke - Oostende - Oudenburg - Pittem - Poelkapelle - Poperinge - Roeselare - Ruiselede - Staden - Spiere-Helkijn - Tielt - Torhout - Vleteren - Veurne - Waregem - Wervik - Wevelgem - Wielsbeke - Wingene - Zedelgem - Zonnebeke - Zuienkerke - Zwevegem