Ieselsbréck zu Éinen

Vu Wikipedia
D'Ieselsbréck zu Éinen (2013)

D'Ieselsbréck zu Éinen ass eng schmuel, stenge Foussgängerbréck iwwer d'Gouschtenger Baach, zirka 15 m vun der N10.

Mat Hëllef vun der Ieselsbréck koumen d'Wënzer an d'Wéngerten, ouni iwwer den Halterpad missen ze goen. Déi Zäit gouf dee vun de Päerd benotzt, déi d'Schëffer d'Musel op gezunn hunn.

Den Alter vun der Bréck ass net bekannt.