Igeler Sail

Vu Wikipedia

D'Igeler Sail ass en 23 m héicht Peilergrafmonument aus der Réimerzäit, dat zu Igel un der Musel steet. Et ass dat Monument vu senger Zort nërdlech vun den Alpen dat am beschten erhalen ass, a steet dowéinst op der Unesco-Lëscht vun de Weltkulturierwen.

D'Igeler Sail

Gebaut gouf d'Igeler Sail an der éischter Hallschent vum 3. Joerhonnert vun der Famill vun de Secundinier, déi zu Augusta Treverorum (haut Tréier) mat Duch gehandelt hunn. Nieft hirer primärer Funktioun, un déi Doudeg vun där Famill z'erënneren huet se sou och nach Reklamm fir där hir Duchentreprise gemaach.

D'Monument, dat ursprénglech faarweg war, ass 23 m héich a follgendermoosse vun ënnen no uewen opgebaut: Basis mat Träppleker, Sockel, Haaptdeel, Fris, Attika, dräieckege Giewel. D'Sail gëtt ofgeschloss mat enger Representatioun vum Ganymed, dee vum Jupiter sengem Aadler entfouert gëtt.

Den Text vum Haaptbild erzielt iwwer d'Liewe vun de Verstuerwene vun der Famill vun de Secundinier. D'Bild weist, wéi den zweete Bouf vum Securus him a sengem Brudder Aventinus Äddi seet. Dodriwwer waren a Medaillonen aner Familljememberen ze gesinn. Op den anere Säite vum Haaptdeel sinn, wéi och am dräieckege Giewel, Zeenen aus der griichescher Mythologie duergestallt: Den Herkules, deen an den Himmel eropfiert (Norden), de Perseus an d'Andromeda (Westen), den Achilles (Osten), an anerer.

D'Frise vun der Igeler Sail weisen Zeenen aus de Secundinier hirem Stot. Déi am beschten erhalen (Ostsäit) weist, wéi Dénger an der Kichen d'Iesse preparéieren. Op der Südsäit gesäit een d'Famill beim Iessen. Lénks schëdden zwéin Dénger d'Gedrénks eraus, riets gëtt gespullt. Op der Westsäit gesäit ee, wéi Landpiechter hir Puecht ofliwweren: Huesen, Fësch, e Lämmchen, en Hunn a Friichten.

D'Igeler Sail op enger Gravure vu 1741

Op der Attika ass op der Südsäit duergestallt, wéi d'Piechter Suen ofliwweren. Op der Ostsäit ass ze gesinn, wéi d'Duch ofgeliwwert, registréiert a kontrolléiert gëtt.

Verschidde Relieffer weisen, wéi Wueren transportéiert ginn: E Won mat 4 Rieder, dee vu Päerd gezu gëtt, ass mat grousse Ballen Duch vollgetässelt (Westen), eng Fris weist, wéi Pakpäerd hir Wueren iwwer d'Bierger droen, an op 2 Relieffer si Päerd ze gesinn, déi Noochen e Floss erop zéien (Norden, Westen).

D'Igeler Sail gëtt dacks als Meilestee bezeechent, well dorop och d'Distanz bis op Tréier uginn ass: L IIII (4 Leugen, wat 8,8 km entsprécht).

Obwuel d'Igeler Sail e Grafpeiler ass, goufe keng Reschter vu Begriefnesser do fonnt. Hiert Erhale verdankt d'Sail enger Falschinterpretatioun: Am Mëttelalter hunn d'Leit gemengt, d'Haaptbild op der Südsäit géif d'Bestietnes vum Constantinus Chlorus mat der helleger Helena (der Flavia Iulia Helena Augusta, der Duechter vum Konstantin de Groussen) weisen. Domat stoung s'ënner dem Schutz vun der kathoulescher Kierch.

Fir de Goethe, deen de 26. August 1792 do laanscht koum, wéi en ënnerwee vun Tréier op Lëtzebuerg war, war d'Igeler Sail "en herrlecht Monument, dat zu Éiere vun deene wierdegste Leit, hire Liewensgenesser a Verdéngschter opgeriicht" gi wir.

Am Landesmuseum vun Tréier steet eng Kopie vun der Sail, déi sou bemoolt ass, wéi d'Original et eng Kéier war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Igeler Sail – Biller, Videoen oder Audiodateien