Igor Sikorsky

Vu Wikipedia
Igor Sikorsky
Gebuer 25. Mee 1889 jul.
Kyjiw
Gestuerwen 26. Oktober 1972
Nationalitéit USA, Russescht Keeserräich
Aktivitéit Raumfaartingenieur, Erfinder, Pilot, Geschäftspersoun

Den Ihor Iwanowytsch Sikorskyj (ukrainesch: Ігор Іванович Сікорський, russesch: Игорь Иванович Сикорский) gebuer de 25. Mee 1889 zu Kiew, deemools am russesche Keeserräich, a gestuerwen de 26. Oktober 1972 zu Easton[1] am Connecticut, Vereenegt Staate vun Amerika, war en ukrainesch-amerikanesche Loftfaartpionéier. Hien hat déi éischt véiermotoreg Fligeren entwéckelt a mat hinnen d'Grondlage fir déi modern Passagéierloftfaart geschaf. Vill méi bekannt sinn awer seng Aarbechten als Constructeur an Architekt vun Helikopteren, net zulescht duerch d'Sikorsky Aircraft Corporation déi nach haut ënner sengem Numm Helikoptere produzéiert.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Igor Sikorsky koum als jéngste Jong vum Medezinprofesser vun der Universitéit Kiew Iwan Sikorskyj, dem Nokomme vun enger ukrainescher Klerikerfamill, zu Kiew op d'Welt.[2] Hien huet um Militäresche Marineinstitut zu Sankt-Péitersbuerg studéiert. Ënner sengen Aarbechten als Chefingenieur vum Loftfaartdepartement vu Russo-Balt (Russesch-Baltesch Waggonfabréck, gréisst Industriekonglomerat vum Russesche Räich mat Eisebunns-, Autos- a Fligerproduktioun zu Riga, Moskau a Sankt-Péitersbuerg), war den éischte véiermotorege Fliger, déi bekannt Russki Witjas (russesche Reck), deen hie selwer den 13. Mee 1913 ageflunn hat. Eng Weiderentwécklung dovu war d'Ilja Muromez. Sikorsky-Fligere goufe vun der russescher Arméi am Éischte Weltkrich als Bomber agesat.

Wärend dem russesche Biergerkrich ass de Sikorsky 1919 am Alter vun 30 Joer an d'USA emigréiert. Do huet hien 1923 mat Ënnerstëtzung vu villen emigréierte Russen a mat der finanzieller Hëllef vum Komponist Sergei Rachmaninow d'Sikorsky Aero Engineering Company, déi spéider vu United Aircraft iwwerholl gouf, gegrënnt. An der Tëschenzäit si béid Firmaen en Deel vun der United Technologies Corporation. D'Entreprise mécht Fluchbooter wéi d'Sikorsky S-42, déi vu Pan Am fir transatlantesch Flich agesat goufen, an als Pan Am Clipper bekannt goufe, virun allem awer Helikopter.

Schonn a Russland hat de Sikorsky mat Helikopteren experimentéiert. 1939 huet hie mat der Sikorsky VS-300 den éischte Fräifluch gestart, deen en Haaptrotor a fir den Dréimomentausgläich en Heckrotor hat. Déi och Heckrotor-Konfiguratioun genannt Form gëllt haut als Standardbauweis, well si am heefegsten ugewannt gëtt.

1955 gouf de Sikorsky mat der James-Watt-Medaill ausgezeechent. D'Sikorsky Aircraft Corporation ass bis haut ee vun de féierenden Helikopterproduzenten.

Éirungen[änneren | Quelltext änneren]

En Igor-Sikorsky Monument zu Kiew

1968 gouf hien als Member vun der National Academy of Engineering gewielt. Dee vun der American Helicopter Society am Joer 1980 ausgeschriwwene Präis fir Muskelkraaft-Helikopterfluch – gespent vun der Sikorsky Aircraft Corporation an am Joer 2010 op 250.000 USD erhéicht – gouf nom Sikorsky genannt.[3] Eréischt den 13. Juni 2013 konnt e kanadescht Team mam AeroVelo Atlas de Präis gewannen.[4]

Den 23. Mee 2000 gouf en Asteroid nom Igor Sikorsky genannt: (10090) Sikorsky.

De 25. Mäerz 2010 publizéiert Autodesk eng nei Versioun vun Autodesk Inventor, bei deem den Numm vum Sikorsky him zu Éiere Pätter fir déi firmenintern Bezeechnung stoung.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Igor Iwanowitsch Sikorsky – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Igor Sikorsky Dies – Today in History
  2. Biografie Iwan Sikorskyj auf uahistory.com; gekuckt den 1. Juni 2017 (ukrainesch)
  3. The AHS Sikorsky Prize, Alfred Gessow Rotorcraft Center, University of Maryland, gekuckt den 20. Mäerz 2013
  4. Notiz op der Homepage vum AeroVelo, gekuckt den 12. Juli 2013