Ikeya-Seki
|
|
|
|---|---|
| Orbittyp | laangperiodesch |
| Numeresch Exzentrizitéit | 0.99991 |
| Perihel | 0,008 AE |
| Aphel | 183,2 AE |
| Bunnschréiegt | 141,864 Grad |
| Perihelduerchgank | 21. Oktober 1965 |
| Ëmlafdauer | 876 Joer |
| Ëmlafvitesse | 476,9 km/s |
| Physikalesch Eegeschafte vum Kär | |
| Duerchmiesser | ? |
| Entdecker K. Ikeya an T. Seki | |
| Entdeckungsdatum | 18. September 1965 |
| Aner Bezeechnungen | 1965 f, 1965 VIII |
Ikeya-Seki (C/1965 S1) ass e Koméit, deen den 18. September 1965 onofhängeg vun de japaneschen Amateurastronome Kaoru Ikeya an Tsutomu Seki entdeckt gouf.
De Koméit gehéiert zu der Kreutz-Grupp, eng Grupp vu Koméiten, déi der Sonn ganz no kommen. Seng Ëmlafperiod dauert ca. 880 Joer. Ikeya-Seki gëllt als ee vun den opfällegste Koméite vum leschte Joerdausend a gëtt och oft als de Grousse Koméit vun 1965 bezeechent.
Éischt Bunnbestëmmungen haten erginn, datt hien den 21. Oktober 1965 der Sonnenuewerfläch bis op 450.000 km eru kënnt an immens hell géif ginn. D'Viraussoen hate sech erfëllt an den Ikeya-Seki war souguer am Dag däitlech niewent der Sonn ze gesinn. Hien hat eng visuell Magnitude vun −10m erreecht a war domat den drëtthellsten Objet um Himmel (no Sonn und a Mound).
Kuerz virum Perihel ass de Koméit an dräi Deeler zerbrach, déi sech op identesche Bunnen beweegt hunn. No dem Duerchgank waren d'Fragmenter am spéiden Oktober nees ze gesinn, woubäi hien ëmmer nach e ganz helle Schwäif ausgebilt hat. Am Fréijoer 1966 hat hien de wäiteste Beräich vum Sonnesystem erreecht a war net méi ze observéieren.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Ikeya-Seki – Biller, Videoen oder Audiodateien |