Immunologie

Vu Wikipedia

D'Immunologie ass d'Wëssenschaft, déi den Immunsystem versicht ze verstoen. Den Immunsystem besteet ënner anerem aus de wäisse Bluttkierpercher an nach aner Zellen aus dem Blutt, déi mateneen wierke fir allméiglech Eindringlingen an de Kierper ausser Gefecht ze setzen.

Eng wichteg Applikatioun vun der Immunologie ass d'Impfung. Dat ass eng Method déi dorop baséiert, datt eise Kierper sech besser géint e Krankheetserreeger wiere kann, wann e se virdru schonn eemol begéint huet.

D'Immunologie erkläert och firwat mir nëmme Blutt vun enger bestëmmter Bluttgrupp verdroen a firwat et sou schwéier ka si fir ee kompatibelen Organspender ze fannen.

D'Fuerschen am Beräich Immunologie gëtt virun allem u mënschlechen Zellen, Maus- oder Ratenzellen, a geneetesch verännerte Mais gemaach. D'Ziler vun dëser Fuerschung si Méiglechkeeten ze fanne fir eis ze wiere géint verschidde Krankheete wéi AIDS oder Kriibs, déi eisen Immunsystem austricksen an dofir meeschtens onheelbar sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Immunologie – Biller, Videoen oder Audiodateien