Impaktglas

Vu Wikipedia
Libescht Wüsteglas, en Impaktglas
Flädle aus dem Suevit am Nördlinger Ries

Als Impaktglas bezeechent een e natierlecht Glas, dat beim Aschlag („Impakt“) vun engem grousse Meteorit geformt gëtt. Duerch den Aschlag gëtt Gestengs op der Aschlagsplaz geschmollt. Dëst geschmollte Gestengs erstarrt duerno zu engem natierleche Glas.

Impaktglieser sinn aus villen ierdeschen Meteorittekrater bekannt, wou si onreegelméisseg verdeelt am jeeweilege Krater oder an hirer Ëmgéigend fonnt ginn. An Impaktglieser kënnen heefeg och Spueren vum Impaktor, souwéi Aschlëss vun Héichdrockmineraler wéi Coesit nogewise ginn. Doduerch ënnerscheede si sech vun den Tektitten: Dës Glieser, déi och beim Aschlag vu grousse Meteoritten entstinn, ginn bis zu e puer honnert Kilometer vun der Aschlagsplaz geschleidert, si sinn zimmlech fräi vun Aschlëss, a konnten nëmme bei wéinege Krateren nogewise ginn.

Bei engem Meteorittenaschlag kënnen och diaplektesch Glieser entstoen. Am Géigesaz zu den Impaktglieser entstinn dës awer net duerch Opschmëlzen vum Mammegestengs, mä duerch d'Awierkung vun der Aschlagsschockwell.

Bekannt Vertrieder vun Impaktglieser sinn d'libescht Wüsteglas oder déi als „Flädle “ bezeechent Glasbommen, déi am Suevit vum Nördlinger Ries agelagert sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie