Inborn

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Inborn
Museksgenre Elektro-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2002
Websäit Facebook, Soundcloud

Inborn, dacks als INBORN! stiliséiert, ass eng lëtzebuergesch Rockgrupp.

Si gouf 2002 vu fënnef relativ jonke Museker gegrënnt an huet sech op e puer Concerte bewisen ier se sech 2003 beim Newcomerfestival Emergenza ageschriwwen an deen och gewonnen huet. Am selwechte Joer si se och beim Rock um Knuedler opgetrueden.

Eng zwee Joer huet et du gedauert ier hiren Debütalbum The Headtrance Session erauskoum, zéng Lidder geprägt vun däischterer Atmosphär, haardem Gittare-Rock'n'Roll an dacks onerwaarten Elektro- oder Folk-Kontrasten.

Am Joer 2010 ware si um Festival Rock-A-Field zu Réiser dobäi a sinn och nach eng Kéier beim Rock um Knuedler opgetrueden.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: The Headtrance Session
  • 2007: Chef d'oeuvre
  • 2010: En Vogue
  • 2011: Persona

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]