Indexéiert Obligatioun

Vu Wikipedia

Eng indexéiert Obligatioun ass eng Obligatioun, vun där den Zënssaz oder de Remboursementpräis vun engem fixéierte Basispräis vun enger Aktie, Aktienindex, Wäertmetall, Réistoff, Wärung oder soss engem Wäert ofhängt. Ass de reale Präis vum Wäert deen drënner läit um Remboursementdatum méi niddereg wéi de Basispräis, läit de Remboursementpräis ënner dem agesatene Kapital. Ass en driwwer ass de Remboursementpräis méi héich.

Dacks ass et bei Aktien an indexéierten Obligatiounen sou, datt de Besëtzer am Fall, wou de reale Präis ënner dem Basispräis läit, de Remboursement a Form vun den Aktie geschitt. Den agesatene Kapital gëtt duerch de Basispräis gedeelt. D'Resultat vun der Rechnung ass d'Zuel vun den Aktien, déi de Besëtzer kritt. Deemno ass eng indexéiert Obligatioun eng spekulativ also risikoräich Investitioun.