Index vun de Konsumpräisser

Vu Wikipedia

Den nationalen Index vun de Konsumpräisser ass eng Zuel, déi probéiert eng Schätzung vum aktuellen Präissniveau am Verglach mat deem zu engem gewëssenen Zäitunkt an der Vergangenheet auszedrécken. Dës Schätzung gëtt erstallt mat Hëllef vun engem Kuerf, deen zesummegestallt ass mat de Wueren an de Servicer, déi den typischen Stot zu Lëtzebuerg brauch. En ass ponderéiert no engem Konsumschema, deen am Ufank vum Joer vum STATEC nei opgestallt an, no Konsultatioun vum Conseil économique et social (CES) an enger spezialer Indexkommissioun, am Mémorial A publizéiert gëtt. Seng Kompositioun spigelt erëm, woufir e Stot zu Lëtzebuerg, wéi vill ausgëtt.

Zu Lëtzebuerg gëtt et zwéin där Indexen, déi sech duerch hire Ponderatiounskoeffizient ënnerscheeden: den IPCN an den IPCH. Allebéid drécken d'Inflatioun zu Lëtzebuerg aus.

IPCN – Indice des prix à la consommation national[änneren | Quelltext änneren]

Den IPCN déngt fir d'automatesch Upassung vun alle Paien a Gehälter am Land. Hie consideréiert nëmmen d'Konsumverhale vun den Awunner zu Lëtzebuerg. Domat soll d'Kafkraft vun de Stéit am Land erhale bleiwen. Lëtzebuerg an d'Belsch sinn déi eenzeg Länner déi eng automatesch Upassung hunn.

Fir d'järlech Berechnung gëllt als Basis 100 den Index op den 1. Januar 1996, deen duerch e variable Koeffizient un d'Basis 100 vum Index op den 1. Januar 1948 gebonnen ass. Den Ajustement vum Koeffizient muss duerch en Arrêté Ministeriel bestätegt ginn.

IPCH – Indice des prix à la consommation harmonisé[änneren | Quelltext änneren]

Den IPCH ass e Präisindex, deen no europäesche Virschrëfte gerechent gëtt. Fir vergläichbar Resultater ze hunn, ass all Land aus der EU verflicht den IPCH op déi selwecht Manéier ze rechnen. Säi Kuerf ëmfaasst all d'Ausgaben, déi am Land wärend enger gewësser Period gemaach gi sinn. Am Ënnerscheed zum IPCN sinn do all d'Konsumdépensen am Land konsidéréiert, och vun deene Leit, déi net am Land wunnen.

Den Haaptzweck ass fir d'Stabilitéit vun de Präisser, an domat d'Inflatioun an der Eurozon ze kontroléieren. Hien déngt och fir d'Konvergenzkrittäre vun de Länner, déi der EU wëlle beitrieden, anzeschätzen. D'Resultater interesséieren d'EZB fir de Leetzëns vum Euro ze steieren.