Indochinit

Vu Wikipedia
Indochinit aus Thailand

Indochinitte gehéieren zu den Tektitten. Dat sinn natierlech Glieser, déi beim Aschlag vu Meteoritten entstane sinn.

Op der Äerd existéiere véier relevant Streefelder, op deenen et Tektitte gëtt. Dat gréisst ass dat australasiatescht Feld, an ëmfaasst Südaustralien, d'Philippinnen, Indonesien an Deeler vun Indochina an d'Volleksrepublik China. Tektitten déi am Gebitt vun Indochina (Vietnam, Kambodscha, Laos) gefonnt goufen, ginn als Indochinitte bezeechent. Bis elo gouf kee grousse Meteoritkrater fonnt zu deem si gehéiere kéinten.

Déi heefeg - dacks fälschlecherweis als Meteoritten - ugebueden Indochinitte gi meeschtens am thailänneschen Khen-Kon-Distrikt, nordëstlech vu Bangkok, fonnt. Charakteristesch bei den Indochinitten aus Thailand ass déi donkel Faarf souwéi déi déif Schmëlzlächer a Kaulen, déi de Remaglypte vun den Eisemeteoritte gläichen. Vum Gestengstyp hier gläiche si dem ierdeschen Obsidian, sinn awer méi silikaträich a bal waasserfräi.

Den zougehéierege Meteorit ass méiglecherweis viru 750.000 Joer am Dall vu Tonkin virum haitege Vietnam ageschloen.

Cheemesch Zesummesetzung: 73 % SiO2; 12,8 % Al2O3; 2,4 % K2O; 4,4 % FeO; 2,5 % MgO; 1,0 % CaO; 1,5 % Na2O3; 0,7 % TiO2; 0,1 % MnO; 0,04 % Fe2O3