Indus (Stärebild)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Date vum Stärebild Indus
Lëtzebuergesche Numm Indus
Laténgesche Numm Indus
Laténgesche Genitiv Indi
Laténgesch Ofkierzung Ind
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 20h 28m bis 23h 28m
Deklinatioun -45° 05' bis -74° 25'
Fläch 294 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 16° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Indi,
3,11m</sup
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Microscopium
Sagittarius
Telescopium
Pavo
Octans
Tucana
Grus
Kaart vum Stärebild Indus

Den Indus ass e Stärebild vum südlechen Himmel.

[änneren] Beschreiwung

Den Indus ass keen opfalend Stärebild. Nëmmen zwéi vu senge Stären sinn méi hell wéi déi 4. Gréissteklass. Et fënnt een dëst Stärebild tëschent deenen zwéi hellste Stären vun de Stärebiller Grus (Kranech) an Pavo (Pohunn).

Den Indus kann ee vun Europa aus net gesinn.

[änneren] Geschicht

Den Indus gehéiert zu de Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vun den holläneschen Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser an Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet dës Stärebiller am Joer 1603 op sengem Himmelsatlas Uranometria agesat.

[änneren] Himmelsobjete

[änneren] Stären

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Al Nair 3,11m 120 K0 III
β 3,67m 400 K1 III
θ 4,39m 100 A5 + A7
δ 4,40m
η 4,51m
ε Epsilon Indi 4,69m 11,82 K4 Vk + T1 V + T6 V
ζ 4,90m
ι 5,06m
μ 5,17m
ν 5,28m
ο 5,52m
κ 5,62m
ρ 6,04m
γ 6,10m
π 6,17m

Den α Indi, den hellste Stär am Indus, ass 120 Liichtjoer vun eis ewech an gehéiert zu der Spektralklass K0 III.
De Numm Alnair ass arabesch a bedeit „dee Beliichteten“. Dëse Numm huet och de Stär α Gruis am Stärebild Grus.

Den β Indi läit 400 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech a gehéiert zu der Spektralklass K1 II

Den ε Ind ass mat enger Distanz vun nëmmen 11,82 Liichtjoeren ee vun den nosten Stären zu eiser Sonn. Seng Liichtkraaft ass net ganz grouss. Si huet nëmmen 13 % Liichtkraaft géigeniwwer eiser Sonn. De Stär gëtt vun engem liichtschwaachen Brongen Zwerg begleet.

[änneren] Duebelstären

System Gréisst Ofstand
θ 4,5/6,9m 6,7
κ 5,62/6,13m

Den θ Indi steet op enger Distanz vun 100 Liichtjoer zu eiser Sonn. Et ass een Duebelstäresystem. Déi zwéi wäiss Komponenten kënnen schonns mat engem klengen Teleskop observéiert ginn.


[änneren] NGC-Objete

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
7049 10,7m Galaxis
7090 10,7m Galaxis
7205 10,9m Galaxis

Am Indus befannen sech d‘ Galaxien NGC 7049, NGC 7090 an NGC 7205.

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools