Infinitely Polar Bear

Vu Wikipedia
Infinitely Polar Bear
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 2014
Première 2014
Dauer 90 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Maya Forbes
Dréibuch Maya Forbes
Musek Theodore Shapiro
Produzent Wallace Wolodarsky, Benji Kohn,
Bingo Gubelmann, Sam Bisbee,
Galt Niederhoffer an Austin Stark
Schauspiller
Mark Ruffalo als Cam Stuart
Zoe Saldana als Maggie Stuart
Imogene Wolodarsky als Amelia Stuart
Ashley Aufderheide als Faith Stuart
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Infinitely Polar Bear ass en US-amerikanesche Film vun der Maya Forbes aus dem Joer 2014. En ass am Summer 2015 an de Kinoen ugelaf.

Wourëms geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film spillt Enn vun den 1970er Joren. De Cam Stuart ass manesch-depressiv, wat och nach "bipolar" genannt gëtt, a bei senger jéngster Duechter zu "Polar Bear" gouf. De Cam ass doduerch esou beanträchtegt datt e vun zwou Unie geflunn ass an en och ni laang op der selwechter Aarbecht konnt bleiwen. En huet et awer duerch seng kreativ a waarmhäerzeg Aart fäerdeg bruecht, d'Maggie ze bestueden an zwee kleng Meedercher mat hir ze hunn.

Nodeems datt en alt nees eng Aarbecht hanner sech gelooss huet a sech just nach duerch d'Natur beweegt huet (eng Kéier mat sengen Duechteren déi en dofir an der Schoul schwänzele gedoen huet), goung et dem Maggie duer. De Cam ass an eng Therapie agewise ginn an d'Maggie huet d'Kanner vum Land mat an d'Stad Boston geholl. An der Therapie gouf de Cam deelweis mat staarke Medikamenter zum Zombie gemaach, mä wéi en nees dobausse war do huet en de Chimiescocktail op null gesat an uganks weider um Land gelieft.

Well d'Sue beim Maggie net duergaange sinn, huet et decidéiert fir 18 Méint op New York ze goe fir do säin MBA nozehuelen an dann endlech eng besser Plaz ze kréien. Noutgedrongen huet et de Cam misse froen, fir sech ëm déi zwou gemeinsam Duechteren ze këmmeren, an hatt selwer ass se all Weekend heem besiche komm. De Cam huet déi Aufgab dunn och ugeholl an ass am Maggie säin Appartement zu Boston geplënnert. D'Liewen eleng mat sengen zwee Meedercher huet him eng gewësse Routine bruecht déi him guttgedoen huet an déi en och dem Maggie nees liicht méi nobruecht huet. Ouni Problemer goung dat Ganzt awer net iwwer d'Bün...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Et ass en autobiographesche Film vun der Maya Forbes, där hire Papp effektiv manesch-depressiv ass. D'Imogene Wolodarsky, dat am Film dat klengt Amelia Stuart spillt, ass der Forbes hir eegen Duechter.

Anescht wéi am Film koum den Titel "Infinitely Polar Bear" net vun enger vun den Duechteren, mä vum echte Cam, deen dat eng Kéier op engem Formulaire vun enger vu sengen Therapien agedroen huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]