Informatioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Informatioun ass de Bedeitungsinhalt vun enger Aussoe, Beschreiwung, Noriicht, Matdeelung, etc. An anere Wierder ass Informatioun Gewannung un Wëssen oder Beseitegung un Ongewëssheet. Informatioun brauch en Zesummenhang zur Welt, iwwer déi se eppes ausseet an een, deen se interpretéiere kann.

Informatioun existéiert a verschiddene Formen, z. B.:

  • an eisem Gehir, codéiert am neuronale System
  • am geschwatenem Wuert, codéiert a Schallwellen
  • am geschriwwene Wuert, codéiert a Schrëftzeechen
  • a bildlecher Duerstellung, codéiert a visuelle Symboler
  • a mathematesche Formelen, codéiert a formale Systemer
  • am Computer, codéiert an elektresch a magnéitesch Impulser

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Information – Biller, Videoen oder Audiodateien