Infrared Astronomical Satellite

Vu Wikipedia
IRAS op der Ëmlafbunn
IRAS am Weltraumsimulator

Den Infrared Astronomical Satellite, ofgekierzt IRAS, war deen éischte Weltraumteleskop fir dat mëttelst an dat wäit Infrarout. Mat senger Hëllef gouf den IRAS Catalog of Point Sources, Version 2.0 zesummegestallt.

D'IRAS gouf vun de Vereenegte Staaten, zesumme mat Groussbritannien an Holland entwéckelt. D'IRAS-Teleskop mat engem Haaptspigelduerchmiesser vu 60 cm gouf wéinst der eegener Ënnerdréckung vun hirer Wäermestralung mat flëssegem Helium als Killmëttel op eng Temperatur vun 2 bis 5 Kelvin gekillt. D'IRAS gouf de 25. Januar 1983 gestart a war bis zum Verbrauch vum Killmëttel, den 23. November 1983 a Betrib. Als Weltraumobservatoire iwwer der Äerdatmosphär konnt d'IRAS Himmelsobjeten och bei Wellelängte observéieren, déi vum Äerdbuedem aus duerch d'Absorptioun vun der Atmosphär net ze gebrauche sinn. D'IRAS war an enger niddreger sonnesynchroner Äerdëmlafbunn, an där de Satellit zu der Ofschiermung viru stéierender Wäermestralung stänneg d'Récksäit vun der Äerd an e Sonneschëld vun der Sonn zou konnt dréien.

Haaptinstrument war en Arrangement aus 62 Infraroutdetektoren ('Survey Array') mat där eng bal vollstänneg (96 %) Duerchmusterung vum Himmel bei Wellelängte vun 12, 25, 60 an 100 µm mat enger Wénkelopléisung vun e puer Bouminutte gewonne gouf. Dozou gouf d'Teleskop a gläichméisseger Beweegung laanscht laang Sträifen iwwer den Himmel gefouert. Weider Instrumenter waren en niddreg opléisend Infraroutspektrometer fir Wellelängte vun 8 bis 23 µm ('Low Resolution Spectrometer' LRS), mat deem ongeféier 5000 Spektre gewonne goufen, souwéi e Photometer fir d'Wellelängten 50 an 100 µm ('Chopped Photometric Channel' CPC).

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

D'IRAS-Missioun war e wichtege Schrëtt an der Infraroutastronomie. D'Himmelduerchmusterung an de Katalog vun iwwer 300000 Quellen, deen doraus entstanen ass, sinn och nach 20 Joer duerno wichteg Hëllefsmëttel an der Astronomie. Zu de wichtegsten Entdeckunge gehéieren:

  • Koméite mat de Stëbsträifen, déi se hannerloossen
  • Stëbscheiwen ëm no Stäre wéi z. B. Vega
  • Jonk Stären, déi nach an de Gas- a Stëbwolleken agebett sinn, aus deene si entstane sinn
  • D'filamentaarteg 'Cirrus'-Struktur vu kalem Stëbs am interstellare Medium vun der Mëllechstrooss
  • Galaxien, déi hir héich Liichtkraaft vu ville jonke Stäre kréien a bal ganz am wäiten Infrarout ofstralen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Infrared Astronomical Satellite – Biller, Videoen oder Audiodateien