Infrared Space Observatory

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Infrared Space Observatory (ISO) war een als Observatoire bedriwwene Weltraumteleskop fir den Infraroutberäich vun 2,4-240 µm.

ISO gouf vun der europäescher Raumfaartorganisatioun ESA mat klengere Ënnerstèetzunge vun der NASA an dem japanesche Raumfuerschungsinstitut ISAS entwéckelt. Déi véier Instrumenter goufen vu Konsortien aus verschiddenen europäesche Länner bäigedroen. D'ISO-Teleskop hat en Haaptspigelduerchmiesser vu 60 cm a war fir d'Ënnerdréckung vu senger eegener Wärmestralung mat flëssegem Helium gekillt. ISO gouf de 17. November 1995 um 1:20 Auer UTC mat Arianespace Fluch V 80 u Bord vun enger Ariane 44P vun der Raumfaartgare Kourou an eng Ëmlafbunn tëschent 500 an 71.850 km Héicht mat 5,25° Equatorschréigt gestart. ISO hat dann virum Observatiounsufank seng Bunn an eng 1038 bis 70.578 km Héich Ëmlafbunn mat 5,2° Equatorschréigt a 24 Stonnen Ëmlafzäit verännert.[1] De nominelle Betrib vum Satellit hat bis zu der Schwächt vum Killmëttel (8. Abrëll 1998) gedaurt. Duerno konnt bei passiver Killung mat e puer vun den Detektere nach bis zum 10. Mee 1998 weider observéiert ginn. ISO hat am Ganzen iwwer 26000 Observatiounen am Optrag vun iwwer 500 Astronomenteams ausgefouert.

ISO hat véier Observatiounsinstrumenter:

  • d'Infraroutkamera ISOCAM, dee mat zwéi Detektere vu je 32 mol 32 Bildelementer de Wellelängteberäich 2,5-17 µm ofgedeckt hat;
  • de Photopolarimeter ISOPHOT fir de Wellelängteberäich 2,5-240 µm;
  • de Kuerzwellespektrometer SWS fir de Wellelängteberäich 2,4-45 µm;
  • de Laangwellespektrometer LWS fir de Wellelängteberäich 45-197 µm.

Inhaltsverzeechnes

Resultater [änneren]

ISO konnt op d'Resultater vun der IRAS-Missioun, besonnesch vun hirer Himmelsduerchmusterung, opbauen. Trotz gläicher Teleskopgréisst wéi IRAS war ISO duerch déi weiderentwéckelt Instrumenter an déi ausgeprägte spektroskopesch Fäegkeeten vill méi leeschtungsfäeg fir d'Ënnersich vun eenzelnen Objeten. Zu de wichtegsten Entdeckungen déi d'ISO zu der Infraroutastronomie bäidroe konnt gehéieren:

  • Entdeckung vu Waasser op villen Objeten, vu Planéiten aus eisem Sonnesystem bis zu wäit distanzéierte Galaxien
  • Moleküle, Äisverbindungen a chemesch Prozesser am interstellaren Medium an der Ëmgéigend vu Stäre
  • Energiequelle-Bestëmmung vun Infraroutgalaxien
  • Entdeckung vun Infraroutgalaxien bei enger Routverrécklung ëm 1, déi zu dëser fréieren Entwécklungsstuf vum Universum vill méi heefeg wéi haut waren waren

Technesch Daten [änneren]

ISO[2]
Startmass 2498 kg
Kryostat 2250 l suprafluides Helium-4, Temp. 1,8 K.
Héicht 5,3 m
Duerchmiesser oder Breet 2,3 m
Spigelduerchmiesser 60 cm
Asazdauer ca. 2 Joer a 7 Méint
Bunn Äerdëmlafbunn 1038 – 70.578 km héich
Drorakéit Ariane 44P
Startdatum 19. November 1995
Missiounsenn 16. Mee 1998

Referenzen [änneren]

Um Spaweck [änneren]