Infraroutexzess

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Begrëff Infraroutexzess beschreift an der Astrophysik en onerwartenen Iwwerschoss un Infraroutstralung.

Aféierung [änneren]

Als Éischt kann d’Stralung vu Stäre oder anderen astronomesche Objete als déi vun engem schwaarze Kierper beschriwwe ginn. Mat der Angab vun enger Temperatur op der Stärenuewerfläch kann d’Verdeelung vun der elektromagnéitescher Stralung am opteschen an infraroudem Spektralberäich mat Hëllef vum plancksche Stralungsgesetz berechent ginn. En Infraroutexzess beschreift en däitlechen Iwwerschoss un gemoossener Stralung am Infrarout am Vergläich zum fällegem Wäert no dem Plancksche Stralungsgesetz. En Infraroutexzess ass meeschtens d’Folleg vun enger zirkumstellarer Hüll aus Stëbs oder Gas, déi d’Stralung am Opteschen absorbéiert, sech dobäi op e puer honnert Grad Kelvin uwiermt an d’Stralung am Infrarout nees ofstralt.

Beispill [änneren]

E Beispill fir een observéierten Infraroutexzess ass Beta Pictoris[1]

Referenzen [änneren]

  1. Der Stern zum Wochenende: Beta Pictoris. Astrodicticum Simplex auf ScienceBlogs.de. 24. Mai 2008.