Infraroutgalaxis

Vu Wikipedia
D'Galaxis NGC 7674

Eng Infraroutgalaxis ass eng Galaxis, déi méi Energie am infraroude Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum ausstraalt, wéi bei allen anere Wellelängten zesummen.

Jee no Liichtkraaft am Wellelängteberäich vun 8 bis 1000 µm, ginn dës Galaxien a liichtkräfteg (iwwer 1011 Sonneliichtkräften, Ofkierzung LIRG), ultraliichtkräfteg (iwwer 1012, ULIRG) an an hyperliichtkräfteg (iwwer 1013, HLIRG) Infraroutgalaxien agedeelt. Hir Liichtkraaft am Infrarout ka méi wéi dat Honnertfacht vun der Liichtkraaft am visuelle Liicht sinn. Hir Energiequelle si vill jonk Stären a Starbursten an, besonnesch bei de liichtkräftegsten Objeten, Matièreafall op e Schwaarzt Lach an engem aktive galaktesche Kär.

Infraroutgalaxien am noen Universum goufen a grousser Zuel vum IRAS entdeckt. Zu de bekanntsten Infraroutgalaxien zielen de Messier 82 an den Arp 220. Zanter den 1990er Jore kennt ee vu Fotoen am mëttleren Infrarout an am Sub-mm-Beräich och Infraroutgalaxien am fréien Universum.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • D.B. Sanders, I.F. Mirabel: Luminous Infrared Galaxies, Annual Review of Astronomy and Astrophysics 34, S. 749 (1996)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie