Ingenieursbiologie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fäschverbau an engem Stroossenhank

D'Ingenieursbiologie (fr: génie écologique) ass eng Wëssenschaft déi biologescht Material benotzt fir Schied (besonnesch duerch Erosioun) an der Landschaft ze behiewen bzw. vu vireran ze vermeiden. Dobäi gi virun allem lieweg Planzen agesat déi mat Hëllef vun hire Wuerzelen de Buedem unhalen. Am Waasserbau gëtt och déi hydraulesch Wierkung vun den iwwerierdesche Planzendeeler zum Schutz virun der Erosioun ausgenotzt. Dacks gebrauchten Hëlzer sinn verschidde Weiden - an Ellerenaarten. Et gëtt awer och doudegt Material geholl dat haaptsächlech fir d'Befestege vun de Konstruktiounen déngt wéi z. B. Steebléck an Holzpéil.

  • Hangsécherung a Gruef- an Uferschutz duerch beplanzte Krainerwänn, Fäschen an den Häng, Traisch oder Hecken déi a verschiddene Loe geplanzt ginn, Flechtzénk, a Wänn mat Péil.
  • Sécheren an Opfëlle vun ageschniddene Flossufere mat Steebléck déi beplanzt ginn, a mat Falbeem.
  • Waasserrevitaliséierung, Hierstelle vu Retentiounsgebitter z. B. mat Fäschen oder Abrénge vu Riet.

Ingenieurbiologesch Konstruktioune ginn net nëmme fir de Schutz vun der Landschaft oder vum Buedem, mä och, am Laf vu Revitaliséierungsprojeten, fir d'Fërderung vu Liewensraim fir Déiere gebaut.

E bekannten Initiateur vun der Ingenieursbiologie ass den éisträichesche Professer Hugo Meinhard Schiechtl (1922-2002).

Beispill an enger Baach[änneren | Quelltext änneren]

Bioeng de solos1.JPG Bioeng de solos2.JPG Bioeng de solos3.JPG Bioeng de solos4.jpg
En ausgewäschenen Uwänner Stabilisatiounsaarbechten Abaue vu liewegem Material D'Resultat no engem Joer