Inger Christensen
D'Inger Christensen, gebuer de 16. Januar 1935 zu Vejle an Dänemark a gestuerwen den 2. Januar 2009, war eng dänesch Schrëftstellerin, déi zu de bedeitendsten europäesche Lyrikerinne vun hirer Generatioun gezielt huet.
D'Inger Christensen huet eng Ausbildung als Primärschoulléierin gemaach an huet dunn Medezin, Chimie a Mathematik zu Kopenhagen studéiert. Si huet e puer Joe op enger Konschthéichschoul geschafft.
Hiren éischte Gedichtband Lys (ltz.: Luucht) koum 1962 eraus, an ee vun hiren Haaptwierker, de Gedichtzyklus Det (ltz. Dat), 1969.
Alfabet (ltz. Alphabet), hiert zweet Haaptwierk, koum 1981 eraus. Do dernierft huet si eng Rëtsch aner Gedichtsbänn, mee och zwee Romaner, Kanner- a Jugendbicher, Theaterstécker, Lauschterstécker an Essaye geschriwwen.
[änneren] Um Spaweck
- Fir ze Liesen an ze Lauschteren, e puer Gedichter op lyrikline.org (da) (de)
- Noruff am The Independent vum 2. Februar 2009 (en)