Inglourious Basterds
Informatiounen zum Film
| Filmdaten | ||
|---|---|---|
| Originaltitel: | Inglourious Basterds | |
| Produktiounsland: | USA, Däitschland | |
| Produktiounsjoer: | 2009 | |
| Dauer: | 153 Minutten | |
| Originalsprooch: | Englesch Franséisch Däitsch Italienesch |
|
| Equipe | ||
| Regie: | Quentin Tarantino | |
| Dréibuch: | Quentin Tarantino | |
| Kamera: | Robert Richardson | |
| Musek: | Ennio Morricone a vill anerer | |
| Produzent: | Lawrence Bender | |
| Haaptacteuren | Brad Pitt als Lt. Aldo Raine Mélanie Laurent als Shosanna Dreyfus Christoph Waltz als SS-Standartenführer Hans Landa Michael Fassbender als Lt. Archie Hicox Eli Roth als Sgt. Donny Donowitz Diane Kruger als Bridget von Hammersmark Daniel Brühl als Fredrick Zoller Til Schweiger als Feldwebel Hugo Stiglitz |
|
| Filmportal - Film no Joren - Film no Länner | ||
Inglourious Basterds ass e kontrafaktesche Krichsfilm vum Quentin Tarantino aus dem Joer 2009, deen an der Tëschenzäit zu sengem finanziell erfollegräichste Film gouf.
Déi falsch englesch Schreifweis vum Filmtitel ass eng Variatioun vum Enzo Castellari sengem Film Quel maledetto treno blindato (am Engleschen The Inglorious Bastards), deen dem Tarantino als Inspiratioun gedéngt huet.
Ëm wat geet et am Film ? [änneren]
E jiddesche Spezialkommando am Zweete Weltkrich huet hannert de feindleche Linnen als eenzegt Zil, esouvill Nazien ëmzebrénge wéi méiglech a se dann ze skalpéieren. A wa se ausnamsweis een um Liewe loossen, da ritze se em en Hakekräiz an d'Stir fir datt e spéider ni soe kann, e wier keen Nazi gewiescht. Zwar weist den Tarantino e puer eenzel Beispillzeene wéi d'Basterds agéieren, mä dorëms geet et an der Haaptsaach guer net.
De Film ass, a Kapitelen opgedeelt, eng Revanchephantasie, déi sech weder ëm historesch Fakten nach ëm d'Komplexitéit vun der Moral këmmert, mä wou Gewalt alles léist an d'Drëtt Räich just ee Sputt ewech ass vun enger cartoonhafter Defaite, well fir de Regisseur de Kino souwisou ëmmer déi besser Wierklechkeet war.
Den Ufank vum Film bleift geschloen 20 Minutte bei engem franséische Bauer a sengem Gespréich mam SS-Standarteführer Hans Landa.
to be continued
Gielercher [änneren]
De Christoph Waltz huet 2010 en Oscar als Beschten Niewenacteur kritt. Hie krut och den Acteurspräis vun den 62. Filmfestspiller vu Cannes, e Golden Globe als Beschten Niewenacteur, de Screen Actors Guild Award a BAFTA Award als Beschten Niewenacteur an den däitsche Mediepräis Bambi an der Kategorie "Film International".
De Film war och nach fir siwe weider Oscaren an dräi weider Golden Globes nominéiert, grad ewéi fir d'Gëlle Palm vu Cannes, mä e konnt schlussendlech kee vun deene Gielercher mat heem huelen.