Ingrid van Houten-Groeneveld
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Ingrid van Houten-Groeneveld (gebuere Groeneveld) ass eng hollännesch Astronomin, déi op der Universitéit Leiden geschafft huet.
Zesumme mat hirem Mann Cornelis Johannes van Houten an dem Astronom Tom Gehrels war si am Beräich vum Palomar-Leiden-Survey un der Entdeckung vun engem Total vun 3.133 Asteroide bedeelegt.
Dobäi huet de Gehrels ëmfaangräich Himmelsfotoën mat der 48’’-Schmidt-Kamera vum Mount-Palomar-Observatoire an den USA gemaach. D’fotografesch Plakke goufen no Holland verschëfft an op der Universitéit vu Leiden fir d’Bestëmmung vun den Asteroiden ënnersicht.
No der Ingrid van Houten-Groeneveld ass den Asteroid (1674) Groeneveld genannt.