Inner Earth Objects

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Inner Earth Objects, ofgekierzt IEOs, ass d'Bezeechnung fir Asteroiden, déi sech komplett an der Ëmlafbunn vun der Äerd bewegen. Aner Bezeechnungen, am engleschsproochege Raum, sinn Apohele Asteroide, Interior-Earth Objects oder Atira Asteroide. Si ginn duerch hir Ëmlafbunn, net duerch hir (zäitweis) Äerdnoperschaft definéiert, sinn also net mat den äerdnoen Asteroiden (engl. Near-Earth asteroid; NEA) ze verwiesselen.

Dat éischt IEO gouf 1998 vum David J. Tholen entdeckt (1998 DK36). Mat 2003 CP20 (och bekannt ënner (163693) Atira) gouf 2003 déi éischt genee Observatioun vun sou engem Asteroid gemaach. E bewegt sech tëscht de Bunne vun Äerd a Merkur an huet en Duerchmiesser vu ronn zwéi Kilometer. Bis zum Mäerz 2010 goufen zéng IEOs entdeckt. Modellrechnunge weisen, datt et der am Ganze méi wéi 1000 misste sinn, déi 100 Meter oder méi grouss sinn.

Well d'IEOs wéinst hirer Ëmlafbunn iwwerhaapt nëmmen um Dageshimmel oder an der Dämmerung auszemaache sinn, ass hir Entdeckung an Observatioun – besonnesch vun der Äerd aus – extrem schwéier. Fuerscher vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart plangen de Bau vun engem Satellit mat der Bezeechnung „AsteroidFinder“, deen d'Observatioun baussenzeg vun der Äerdatmosphär méiglech maache soll.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie